Quellen:         Archiv des Interessevereins   - Broschüre der 25ten Jubiläumsfeier des Vereins - 2009 & Internet

Fotos    :         Interesseveräin - Pierre F. - Roby F. - Service des relations publiques vun der Gemeng Péiteng - Roby Hentzig - Jeannot Rossato & Internet

Hei am Land gëtt et eng grouss Zuel vu Organisatiounen, déi sech fräiwëlleg an den Dingscht vun der Allgemengheet stellen. Nach spille si eng enorm wichteg Roll an der Gesellschaft. Dat si sech och vill Verantwortlecher bewosst. Trotzdeem ginn et Unzeechen, datt, wéinst Mangel u Leit, luess mee sécher op de Professionalismus zréckgegraff muss ginn.

 

Den Interesseveräin Lamadelaine asbl ass ee vun dëse villen, so mer emol altruistesche Veräiner. A grad um Beispill Interesseveräin, vläicht stellvertriedend fir all déi aner Veräiner, léisst sech erkennen, wéi et haut ëm den Idealismus steet. Wann am Joer 1980 nach eelef Leit am Komitee waren, sou sinn et der haut (2009) nach grad sechs. Kee Wonner, d'Chronik beweist nämlech wivill Zäit, Gestreits, Nerwen an Energie all Kéiers verluer gaange sinn bis e Projet könnt duerchgezu ginn. An dat fir eng Saach, wou een höchstens d’Satisfaktioun huet eppes, fir déi aner fäerdeg bruecht ze hunn. Gratis fir aner schaffen, Fräizäit afferen, Réckschléi astiechen an dann och nach dobäi disziplinéiert sinn, ass haut net méi jidderengem seng Saach.

--------------------------------------------------

 

Veräinschronik

 

 

Wéi koum et dozou?

1980

De Bierg- an Tagebau, heinidden, hat zënter e puer Joer seng Aktivitéiten definitiv agestallt. An eise Bëscher, Däller a Koppen war op eemol Rou. Du hu sech en etlech Idealisten aus dem Duerf zesummefonnt, a sech Gedanke gemaach, wéi ee Rolleng a seng Emgéigend touristesch méi attraktiv kinnt maachen.

 

D’Frënn vum Tëtelbierg

Fir dat kënnen ëmzesetzen gëtt gläich drop, an enger öffentlecher Versammlung, e Veräin gegrënnt. Provisoresch Statute gi virgeluegt. De Veräin kritt den Numm d'Frënn vum Tëtelbierg (Les Amis du Titelberg).

 

Grënnungsmembere sinn:

Georgette Back-Hentzig, René Back, Michel Bettinger, Ferdinand Delage, Jos. Feller, Paul Feller, Jeannot Feller, Johny Gaub, Anne Marx-Bintner, Paul Marx, Ferdinand Weimichkirch.

 

 

1981

Den 18. Juli gëtt de Circuit auto-pédestre 2 ‘Lamadelaine 143' a Präsenz vum Buergermeeschter Armand Kaiser a vum Schäffe Marcel Knauf ageweit. Een éischte groussen Erfolleg vum nach jonke Veraïn. Aus eegene Mëttel, an Zesummenaarbecht mam Ministère du Tourisme, déi Schëlter a Bänken zur Verfügung gestallt hunn, gëtt e 9 km laange Wee ugeluet.

 

Mëttlerweil schafft de Veräin u sengem nächste gréissere Projet, d’Schafe vun engem Fitness-Parcours duerch d’Wollefskaul.

--------------------------------------------------

1982

Mee et feelt u finanzieller Ënnerstëtzung. An engem Bréif vum 6. Mäerz gëtt de Schäfferot ëm Hëllef gefrot. De Rodanger Syndikat d'Initiative hat dem Veräin seng Ufro zréckgewisen als Sektioun Lamadelaine mat am Syndikat ze schaffen. Schliisslech wollt d'Gemeng keen drëtte Syndikat. De Veräi gëtt den 23. März vum Schäfferot empfaang a reecht doropshin seng Projeten schrëftlech eran.

 

Den Aménagement vun engem Fitness-Parcours gehéiert dozou. Dem Veräi geléngt et de Ministère du Tourisme, de Ministère des Sports, d’ARBED an d’Gemeng mat anzebezéien. Laut engem Devis, dee sech op 1.566.400 LUF (38.830 €) beziffert, soll eng Equipe vun der DAC (Division anticrise) d'Aarbechte maachen an där de Veräinsmember Johny Gaub Viraarbechter ass. Dat gëtt dunn an engem Kontrakt zwëschen dem Ministère du Tourisme an der ARBED festgehal.

 

 

Enn Dezember ginn d’Statute vum Interesseveräin Lamadelaine, deen aus de Frënn vum Tëtelbierg asbl enstoe sollt, dem Péitenger Conseil ënnerbreet. Dobäi bleift et awer an deen neie Veräi muss op seng offiziell Unerkennung waarden.

--------------------------------------------------

1983

 

Den 10. Januar fänkt d’DAC mat den Aarbechte vum Fitness-Parcours un. Um Enn stellt sech eraus, datt nach Stonnen a Geld rescht bleiwen. Dat ass d'Geleeënheet fir direkt nieft dem Fitness eng iwwerdeckte Grillplaz, no de Pläng vum Ferdinand Weimichkirch, opzeriichten. Ausserdeem gëtt och nach dat aalt Schiedhaischen demontéiert, dat d' Firma Jacob duerch en neit, op Staatskäschten, ersetzt. Och de Sentier des étangs an aner verschidde kleng Aarbechte ginn an dëser Period realiséiert.

 

Foto: Aweiung vun der Grillplaz

vu lénks no riets: Sylvie Feller, Karin Feller, Fernand Boden, Marcel Knauf, Emile Krieps, Christian Ciuca

Fitness-Parcours, Grillplaz, Schiedhaischen, Sentier des étangs asw. gi samschdes de 14. Mee ageweit. Eng ganz Rei vun Autoritéiten, ënnert hinnen d'Ministeren Emile Krieps (Sport) a Fernand Boden (Tourismus), huelen un der Feier deel. D’Gemeng offréiert am Centre de Loisirs den Éierewäin.

 

 

 

 

Foto: Aweiung vum Fitness-Parcours

vu lénks no riefs: Fernand Engel, Tania Reuter, Karin Feller, Ferdinand Delage, Marcel Knauf, Emile Krieps, Léon Thinnes, Fernand Boden, Sylvie Feller, Jean-Pierre Müller

 

 

De 15. November schécken d’Frënn vum Tëtelbierg (Les Amis du Titelberg) eng verbessert Versioun vun de Statuten an d’Gemeng.

 

Interesseveräin Lamadelaine asbl 

 

 

1984

Freides, den 10. Februar, kënnt et am Café-Restaurant „Beim Félicie“ zu Rolleng zur Grënnung vum Interesseveräin Lamadelaine. Bei dar Geleeënheet ginn d'Frënn vum Tëtelbierg opgeléist. 30 Leit si präsent, ënner anerem de Conseiller Camille Bosseler, de President vun der Entente Jeannot Linden an d'Press.

 

De Ferdinand Weimichkirch gëtt klipp a kloer ze verstoen, datt de Veräin keen drëtte Syndikat ass, wéi et fälschlecherweis an engem Zeitungsartikel duergestallt gi war.

 

Alen an neie President bleift de Ferdinand Weimichkirch.

Membere sinn Georgette Back-Flentzig, René Back, Joseph Balk, Michel Bettinger, Ferdinand Delage, Jos. Feller, Paul Feller, Jeannot Feller, Johny Gaub, Anne Marx-Bintner, Paul Marx a Roger Weimerskirch.

Kasserevisore ginn de Gaston Gundermann an d'Henriette Fleckmann.

 

D’Verdeelung vun de Charge gëtt an der Sitzung vum 17. Februar virgeholl: de Poste vum Sekretär iwwerhëllt de Jeannot Feller, dee vum Keessjee de Ferdinand Delage.

 

D’Zielsetzunge vum Veräi gi virun, an als nächst grouss Erausfuerderung steet de Projet „Sentier des Mineurs“ um Programm. Natierlech musse fir d'éischt eng Rei vu Geneemegungen - Staat, Gemengen, MMR-A asw. - ugefrot ginn. De 4. Abrëll kënnt den Accord vum Ministère du Tourisme.

 

Am Lat vum Joer ginn 10 Komiteessëtzungen ofgehal.

 

Eng 'Débroussailleuse' gëtt fir 18 000 LUF (446,20 €) kaaft. Eng zweet kritt de Veräi gratis vum Vertrieder vun der Firma, dem Nico Schaul.

 

Den 22. August ass ee schwaarzen Dag fir de Veräin. De plötzlechen Doud vum Komiteesmember a gudde Kolleg Johny Gaub (57 Joer) deet dem Veräi wéi an ass ganz schwéier ze verkraaften.

 

Den 2. Oktober gëtt de Paul Schrank an de Komitee opgeholl. Och gëtt beschloss, Member vun der Natura ze ginn. Enn Oktober decidéiert de Komitee, mam Averständnis vun der Mme Marie-Louise Gaub, ee Gedenksteen fir de verstuewene Kolleg Johny Gaub opzeriichten.

 

Leider réckelt d'Grillplaz nees op Tagesuerdnung. An der Komiteessëtzung vum 7. Dezember explizéiert de Paul Marx, datt de Fierschter véier Membere vum Interesseveräin, déi den 2. Dezember do Botzaarbechte gemaach hunn, ze verstoe ginn huet, d'Grillplaz wierouni Geneemegung opgeriicht ginn. An dat hätt zur Konsequenz, datt se misst ofgeriicht oder zougemaach ginn. D’Affär mecht dem Veräi Suergen. De President informéiert sech a stellt fest, datt d’Gemeng, Propriétaire vum Terrain, den 19. Dezember 1983 eng Geneemegung bei der Administration des Eaux et Forëts ugefrot hat, datt dëss Ufro, mat engem Avis favorable den 23. Januar 1984 op de Ministère de l'Environnement geschéckt ginn ass, datt d’Demande och do ukomm ass, mee net positiv ka beäntwert ginn, well keng Grillplaz darf an dëser Zone opgeriicht ginn.

 

De Fierschter huet also Recht. Trotzdem stellt sech d'Fro, firwat nimools eng schrëftlech Matdeelung vun der Ëmweltverwaltung koum. Also kee gutt Omen fir d’Grillplaz, obschon se eréischt am Joer 2001, aus enger anerer Ursaach, démontéiert gëtt.

----------------------------------------------------------------------------

1985

12 Komiteessëtzunge fanne statt. D’Generalversammlung ass den 12. Abrëll am Café Félicie Flaas-Kriesten.

 

Gedanke mecht sech de Veräin, well d’Verhältnis zum Fierschter sech verschlechtert huet. De Komitee freet de Schäfferot ëm FHëllef fir erauszefanne wat lass ass.

 

De „Sentier des Mineurs“ gëtt zunächst emol op Äis geluet, aus gewëssen Ëmstänn.

 

Dem Johny Gaub säi Gedenkstee gëtt de 24. August ageweit mat der Ënnerstëtzung, och finanzieller Natur, vum Flobby 81. D’Tak huet den André Désorbay an der Fonderie vun der MMR-A gegoss.

 

 

 

 

 

 

Dozou dem Albert Schaul säi Bericht aus dem Tageblatt:

Vor einem Jahr starb unerwartet Johny Gaub, der sich um die Erhaltung der Natur auf dem Titelberg unermüdlich einsetzte. Ihm zu Ehren schufen der Interesseverein und der Hobby-Club 81 aus Rollingen ein bescheidenes Denkmal, das am Fuße des Titelbergs gelegen, die Inschrift trägt „Johny Gaub, Naturfrënd 1927-1984“.

 

Nach der Einweihung versammelten sich die Ehrengäste zum Ehrenwein im Freizeitzentrum, wo es Fernand Weimischkirch Vorbehalten war, die Verdienste des allzu früh Verstorbenen gebührend zu würdigen.

 

Einen speziellen Dank richtete er an die Gemeindeverwaltung sowie an Direktor J.B. Gillardin von der MMR-A welche maßgeblich am Gelingen des Projekts beteiligt waren. Das Schlusswort sprach Schöffe Marcel Knauf, der sowohl den Interessenverein wie den Hobby-Club zu ihrer Initiative beglückwünschte. Mit dem Anlegen dieses Gedenksteins zollt man dem großen Naturfreund Johny Gaub einen nachträglichen innigen Dank übers Grab.

Op engem klenge Panneau, vis-à-vis vum Steen, schreift d'Trixi WEIS, Luxembourgeoise, sélectionnée par le Casino, Forum d’Art Contemporain, Luxembourg:

 

JOHNY GAUB um „Géien Honger“

J'ai choisi d’intervenir sur le site où se trouve la pierre commémorative indiquant <Johny Gaub, ami de la nature 1927-1984>. Je trouvais cette menflon très drôle, comparé à un <Mr. X, musicien, présidend, ou tombé pour la guerre de...>. Johny Gaub a suscifé ma curiosité et J’ai voulu en savoir plus sur ce personnage, étant donné que je suis moi-même une grande amie de la nature. J’ai rencontré différentes personnes qui l'ont connu, égalemenf sa fille, charmante dame qui m 'a raconté des tas d’histoires concernant Johny et ce qu’il avait fait pourmériter ce titre.

 

Ensuite, j'ai voulu transmettre ces informations au public en concevant un panneau avec des photos de ce mystérieux personnage, ainsi qu’un texte résumant des activités, qui a été installé sur place. Parallèlement, je propose aux promeneurs de se munir d’un badge. II existe 4 motifs diffférents d’éléments de la nature photographiés dans les environs du monument, avec l'inscription <ami de la nature> ou <Johny Gaub>.

 

Ainsi le promeneur affirme lui-même être un ami de la nature en complicité avec les autres porteurs de badge et il rend ainsi hommage à Johny et à la nature.

 

De Komitee schafft virun a bedeelegt sech och un Organisatioune vum lokale Veräinsliewen, wéi 50 Joer Chorale Ste Cécile an 125 Joer Poar Rolleng.

 

Am September freet de Veräin eng offiziell Erlaabnes beim Minister Robert Krieps un, fir kenne mam Auto d’Material duerch Bësch- a Feldweeër ze transportéieren. Den 10. Oktober huet dunn d’Gemeng, a Saache Fitness-Parcours, de Gebrauch vum Deel Wollefskaul, laut Kadaster „Kalkofertheilen“ genannt, schrëftlech mat der MMR-A gereegelt.

 

Eng botanesch Wanderung huet vill Erfolleg.

 

Foto vu lénks no riets: Paul Schrank, Sanny Schrank-Wolff, Jeannot Jos. a Paul Feller

--------------------------------------------------------------------------

1986

9 Komiteessëtzunge fanne statt. D’Generalversammlung ass den 11. Abrëll am Café Félicie Plaas-Kriesten. Aus de Gespréicher geet ervir, datt d'Aktivitéite vum Veräin net genuch ënnerstëtzt ginn.

 

Si ass endlech do, d’Erlaabnes fir mam Auto op de Bierg ze fueren. Och déi, d’Kappweiden ze schneiden.

 

Dee vum Komitee a suspens gehalene Sentier des Mineurs löit net iaang op Äis well de Guy Linster, Conseiller am Ministère du Tourisme, onbedingt wëilt den Tracé gesinn.

 

D’Grillplaz kritt en neien Ustrach. Fir d’Erhale vun der Rollenger Mille setzt sech de Veräin an a freet de Bäistand vun der Entente. Eng Besichtigung vun den Ausgruewungen um Tëtelbierg gëtt organiséiert.

 

Am Circuit culturel interdisciplinaire ass de Veräin duerch de Sekretär Jeannot Feller vertratt. Doriwwer mecht hie periodesch Rapport. Flien deelt och mat, datt de Grand-Duc eisen Eck den 1. Dezember besieht. An nees geet Rieds vum Ofrappe vun der Grillplaz. Dat reegt d’Leit vum Komitee op an duerfir gëtt verlaangt, de Minister Robert Krieps anzeschalten. A si kréien och e Rendez-vous am Ministère de l’Environnement, den 23. September. Vill ass do net erauskomm:

 

d’Gemeng soll de Site am PAG als „Zone de loisirs“ ëmklasséieren. Ausserdeem kéim de Minister sech d'Plaz selwer ukucken.

 

Du koum, dee selwechten Dag, een Uruff vum Guy Linster vum Ministère du Tourisme, de Veräin soll eng Ënnerschrëftenaktioun fir d'Erhale vun der Grillplaz starten. De Komitee beschléisst dat och, awer net eestëmmeg. Zwee Mann enthale sech.

 

Wéinst der Grillplaz ass dru geduecht gi bei der Visite vum Grand-Duc eng Protestaktioun ze starten.

- Esou Saache sollt ee bei esou enger Geleeënheet ënnerloossen - mengt de President, an domatt ass dee Punkt zou.

 

 

 

Foto -->

vlnr: Jeannot Feller, Ferdinand Delage, Paul Marx, Jos. Feller


-----------------------------------------------------------------------

1987

11 Komiteessëtzunge fanne statt. D’Generalversammlung ass de 17. Abrëll am Café Félicie Elaas-Kriesten. De Josy Balk demissionéiert, stellt sech awer weiderhin dem Veräin zur Verfügung. Him gëtt ee Kadeau iwwerreecht. Nei an de Komitee kënnt de Charles Krecké.

 

An enger Entrevue beim Schäfferot, wou et speziell iwwert d ’ Grillplaz geet, kënnt näischt dobäi eraus. Just datt d’Gemeng e Bréif, mam Viirschlag d’Grillplaz anzwousch anescht opzeriiehten, net fortschéckt.

 

Et gëtt bedauert, datt d’Statute vum Circuit culturel interdisciplinaire du bassin minier den Interesseveräin net als Member vum Conseil d'administration ernimmt. Dat soll elo schrëftlech gefuedert ginn.

 

D'Ënnerschrëftenaktioun (Grillplaz) gëtt ofgeschloss. Eng Kopie geet un d’Gemeng, d’Original un de Ministère. D’lwwerreechung ass fir de 7. Abrëll virgesinn. Obschon de Minister keng Press dobäi wëllt, beschléisst de Komitee zumindest de Jos. Boentges als Fotograf matzehuelen. - Mär kinnten esou vill dohi grillen goen wéi mer willten - sot de Minister - an et sollt endlech ëppes geschéien -.

 

Dat huet déi Responsabel optimistesch gestemmt. Eng Demande gëtt un de René Zimmer vum Ministère de l'Environnement geschéckt, an där d’Erlaabnes gefrot gëtt, d’Grillplaz fir den 1. Mee de Rollenger Veräiner zur Verfügung ze stellen.

 

Vum ‘Circuit culturel interdisciplinaire du bassin minier’ kënnt ee positivt Zeechen a Saachen ‘Interesseveräin, Member am Conseil d’administration’. Bei där Geleeënheet gëtt och gesot, d'Zone wou d'Grillplaz steet ging als 'Zone de loisirs' ëmgeännert ginn. Vertratt ass de Veräin am ‘Atelier Tëtelbierg' vum Jeannot Metzler an am ‘Atelier Touristique’ vum René Zimmer.

 

De Circuit vum Sentier des Mineurs läit elo definitiv fest a gëtt dem Ministère du Tourisme zougestallt. Gläich duerno kënnt den Opdrag vum Ministère - deen d’Realisatioun vum Wee an d'Hand hëlt während den Interesseveräin fir den Ënnerhalt zoustänneg ass - verschidde Weestrecke scho fräizemaachen. Bei deem ganzen hin an hier, sou d'Meenung vum Komitee, muss awer opgepasst ginn, datt de Mérite vum Interesseveräin net vergiess gëtt.

 

 

Mee de Schantje leeft endlech un a béid Säite maachen Neel mat Käpp. Virsiicht bleift awer Tromp, well Réckschléi sinn net ausgeschloss.

 

Da gëtt am Hierscht beschloss, d’nächst Joer, bei der Organisatioun vun der Course Réimerlaf dem CA Lamadelaine an der Red Boys-UA Péiteng eng Hand unzepaken.

 

D’Gemeng deelt mat, d'Ateliere vum Waasserbetrieb dem Veräin zur Verfügung ze stellen, esou bal se fräi sinn.

 

Fir déi ufalend Aarbechte kennen ze bewältege gëtt ëmmer erëm neit Material kaaft. Dës Kéier ee Balkenmäher fir 44.000 LUF (1090,73 €).

 

Foto: An der Crosnière - Albert Thilmany, Jeannot Feller

---------------------------------------------------------------------------

 

 

 

1988

12 Komiteessëtzunge fanne statt. D'Generalversammlung ass den 22. Abrëll am Café Félicie Haas-Kriesten. De René Back trëtt aus dem Komitee aus. Hei gëtt och vun de Gemengevertrieder en adequate Subsid als Bäitrag zum Sentier des Mineurs versprach.

 

Schon Ufank vum Joer lafen d’Preparatioune fir de Réimerlaf un. D’Garagen ënnert dem Turnsall vun der Schoul gi fräi an d’Material gëtt do ënnergestallt.

 

Gläichzäiteg gëtt an engem Stéck viru gebotzt, geschnidden, nei ugeluet a gefléckt, well de Programm, dee sech de Veräin operluet huef, ass grouss: Aufo-pédesfre, Fitness, Grillplaz, Sentier des Mineurs asw.

 

Den 23. Juli ass de 6. Réimerlaf: genau 10 km, duerch d’Cité Grousswiss (zweemol), de Pavé erop, laanscht de Murus Gallicus, iwwert den Tëtelbierg, duerch de Fond-de-Gras an iwwert de Seelebunnswee zréck op Rolléng. 152 Leefer hu sech ageschriwwen.

 

Am Oktober kënnt d’Noriicht, d’Gemeng ging näischt bei d’Broschür vum Sentier des Mineurs bäileeën.

 

 

1989

12 Komiteessëtzunge fanne statt. D’Generalversammlung ass den 21. Abrëll am Café Félicie Haas-Kriesten.

 

De Sentier des Mineurs bleift weiderhin en Thema. Hie soll endlech den 10. Juni ageweit ginn. De nächste Réimerlaf steet um Programm.

 

Nei an de Komitee kënnt de Johny Frères. D’Preparatiounen fird'Aweiung vum Sentier des Mineurs lafen elo op Héichfouren. De Grand-Duc gëtt invitéiert, kann awer leider net do sinn.

 

Hei de Programm vun der Aweiung vum Sentier des Mineurs, den 10. Juni:

15.00 heures: Inauguration du sentier par les ministres Fernand Boden et Robert Krieps

15.10 heures: Séance académique au centre de loisirs et Präsentation du sentier

 

<ee Spadséierwee vun 28 Kilometer, deen awer och a Varianten ka getrëppelt ginn. En ass esou konzipéiert datt all eis touristesch Attraktiounen um Parcours ze fanne sinn: Train 1900, Ausgruewungen um Tëtelbierg, Sentier géologique, Circuits auto-pédestres vu Rolleng, Déifferdang a Rodange, Grill- a Picknickplazen, Bache Jang, Biergaarbechterduerf Lasauvage, d’Giedel a Fond- de-Gras, Tagebau, super Aussiichten asw>

 

 

Diverses allocutions (Ministres, bourgmestre René Putzeys) Vin d’honneur.

---------------------------------------------------------------------------

„Sentier des Mineurs“ eröffnet

(Bericht Luxemburger Wort - P.L.)

Zusammen mit Kulturminister Robert Krieps eröffnete Tourismusminister Fernand Boden den neuen Wanderweg.

 

Am Samstag fand die offizielle Eröffnung des „Sentier des Mineurs“ statt, den der Interessenverein Lamadelaine in den letzten Jahren angelegt hat. Dieser Feier wohnten u.a. bei: Tourismusminister Fernand Boden und sein Mitarbeiter René Zimmer, Kultur- und Umweltminister Robert Krieps, der Abgeordnete und Bürgermeister René Putzeys, die Gemeinderäte Marcel Knauf, Léon Keiser, Emile Konter, Camille Bosseier, Roger Klein, Marcel Kieffer und Jean-Marie Halsdorf, Polizeikommissar Armand Kolbach, Gendarmeriekommandant Guy Stoffel, Entente-Präsident Jeannot Linden sowie die Mitglieder des Interessenvereins.

 

Die Veranstaltung begann bei dem Denkmal „Fir eis Biergleit“ vor dem Freizeitzentrum mit dem symbolischen Durchschneiden des rot-weiß-blauen Bändchens durch die beiden Minister.

 

Alsdann versammelten sich die Teilnehmer im Musiksaal. In seiner Begrüßungsansprache betonte der Präsident des Interessenvereins, Fernand Weimischkirch, dass der neue Rundweg zu Ehren der Bergarbeiter angelegt worden sei, die viel zum Wohlstand unseres Landes beigetragen hätten. Aus diesem Grunde habe er die Bezeichnung „Sentier des Mineurs“ erhalten. Laut Statistiken habe es im Erzbecken von 1864 bis 1981 bei der Erzausbeutung insgesamt 1477 tödliche Unfälle und 8190 zum Teil schwer Verletzte gegeben.

 

Wie der Redner weiter ausführte, zieht sich der „Sentier des Mineurs“ über 28 km durch die Gemeinden Petingen und Differdingen hin. Nach Belieben kann er in die kleineren Varianten von 14, 13resp. 11 km aufgeteilt werden.

 

Hier der Verlauf des neuen Wanderweges, der durch gelbe Punkte gekennzeichnet ist: Primärschule Lamadelaine, Prënzebierg, Giele Botter, Gretebierg, Kirchbierg, Hondsbësch, Tennesgrond, Grouwen, Vesquenhaff, Kuelesgrond (Bache Jang), Grand Bois, Lasauvage, Roudenhaff, Minière Doihl, Fond-de-Gras, Tëtelbierg, Wollefskaul, Lamadelaine.

 

Starken Applaus erntete Fernand Weimischkirch für den selbstgedrehten Videofilm mit markanten Ausschnitten des Wanderweges. Animiert wurden diese Bilder durch luxemburgische Kompositionen, die von der „Harmonie Municipale“ Petingen aufgenommen worden waren.

 

In seiner Ansprache wies Minister Fernand Boden daraufhin, dass jede Region ihre spezifischen Naturschönheiten habe. Er beglückwünschte den Interessenverein zu der Initiative, den Titelberg und die Umgebung für den Tourismus zu erschließen. In diesem Sinne bemühe sich die Regierung, an historischen Stätten archäologische Ausgrabungen ausführen zu lassen.

 

Minister Robert Krieps begrüßte es, dass sich viele Kinder und Enkel der Bergarbeiter nach der Stillegung der Erzausbeutung neue Erwerbsmöglichkeiten ausgesucht hätten. Trotzdem bemühten sich Staat und Gemeinde, Gelände für die Einpflanzung neuer Industrien anzukaufen und somit die Schaffung neuer Arbeitsplätze zu erleichtern.

 

Beim offiziellen Empfang durch die Gemeindeverwaltung im Festsaal der Schule dankte Bürgermeister René Putzeys den beiden Ministern für die Mithilfe bei der Erschließung neuer Arbeitsplätze. Dem Interessenverein, der sich sehr um die Verschönerung der Ortschaft und der Umgebung bemüht, sicherte er auch weiterhin finanzielle und materielle Hilfe von seiten der Gemeindeverwaltung zu. Abschließend sei noch darauf hingewiesen, dass die Damen der Mitglieder des Interessenvereins den Gästen beim Ehrenwein vorzügliche Schnittchen anboten.

 

Zum Ofschloss leescht sech den Interesseveräin en lessen am Café-Restaurant ,Bei der Giedel’ a Fond-de-Gras.

Aweiung vum Sentier des Mineurs

vu lénks no riets: Jeannot Linden, Laurent Feller, Jean-Marie Halsdorf, Marcel Knauf, Camille Bosseier, René Putzeys, Robert Krieps, Ferdinand Weimichkirch, Fernand Boden, René Zimmer, Claude Schumacher, Véronique Feller, Emile Konter, Serge Mentz, Raphaël Feller, Roger Klein, Charles Storoni, Marcel Kieffer, Léon Keiser

 

Den 22. Juli ass de 7. Réimerlaf.

 

D’Grillplaz gëtt ëmmer rëm duerch Vandalismus beschiedegt. Duerfir soll d'Gemeng, als Propriétaire, se nees an d'Rei setzen. Den Interesseveräin kritt dat néidegt Material vun der Gemeng a mécht d’Reparature selwer.

 

1990

7 Komiteessëtzunge fanne statt. D’Generalversammlung ass den 31. März am Café Félicie Haas-Kriesten. Offiziell ginn de Johny Frères an de Jean-Pierre Frantz nei an de Komitee opgeholl. De Charles Krecké trëtt aus. Folgend Leit, Pionéier vum Veräin, gi geéiert: Georgette Back-Hentzig, Ferdinand Delage, Jeannot Feller, Paul Marx, Ferdinand Weimichkirch vum Komitee an d’Henriette Heckmann als Kasserevisor.

 

Den 8. Réimerlaf fënnt den 21. Juli statt. Den Départ ass beim Café Félicie Haas-Kriesten an d’Arrivée beim Restaurant Le Lys Bleu.

 

Als Äntwert op e Bréif vum Guy Linster gëtt de Jeannot Feller zum Delegéierte vum Comité interdisciplinaire genannt. Ënnerstrach gëtt datt hien am Numm vum Interesseveräin do ass, an net als Privatper­soun.

 

An enger Entrevue (22. November) zwëschen dem Schäfferot, deenen zwee Syndikaten an dem Interesseveräin gëtt eng besser Koordinatioun zwëschen deene 4 Akteure festgehal. De Komitee ass bereet matzemaachen, selbstverständlech esou laang et a senge Kompetenze bleift.

-------------------------------------------------------------------------------------------------

1991

8 Komiteessëtzunge fanne statt. D'Generalversammlung ass de 6. Abrëll am Café Félicie Haas-Kriesten. Hei den Opbau vum Veräi wat d’Chargen ubelaangt:

President                Ferdinand Weimichkirch

Vizepresident       Paul Marx

Sekretär                  Jeannot Feller

Sekretär-adjoint   Jos. Feller

Keessjee                 Ferdinand Delage

Keessjee-adjoint  Paul Schrank.

 

Jidderee vum Komitee ass prett, de Fitness-Parcours Richtung Tagebau ze verlängeren. De Fierschter ass mam Projet averstan. D'Käschte gi vum Veräi gedroen. Trotzdeem soll eng Demande fir e Subsid beim Ministère gemaach ginn.

 

Den 13. Mee hëlt den Albert Thilmany fir d’éischt un enger Komiteessetzung deel. An där Setzung gëtt iwwert déi nächst Erausfuerderung diskutéiert. De Staat wëllt eng Piste cyclable duerch d'Wollefskaul bis an de Fond- de-Gras bauen. Den Ëmweltminister gëtt ugeschriwwen. E Schreiwes kritt och de President vum Comité interdisciplinaire. Sollt d’Piste nämlech gemaach ginn, wëll de Veräin duergéint virgoen. De Veräin genéisst awer d'Ënnerstëtzung vum Schäfferot. Déi doropshin virgeschloe Variant gëtt vun de Ponts et Chaussées refuséiert an d’Thema war definitiv vum Dësch.

 

Den 9. Réimerlaf gëtt de 27. Juli organiséiert.

 

Da gëtt bedauert, datt den Interesseveräin bei de Jumelagefeiere mat der Stad Schio (I) ignoréiert ginn ass.

 

Foto: Verlängerung vum Fitness-Parcours, Richtung Tagebau

 

vu lénks no riets: Jeannot Feller, Albert Thilmany, Johny Frères, Ferdinand Delage, Paul Schrank, Paul Marx, Patrick Tibor, Paul Feller, Jos. Feller

--------------------------------------------------------------------------

1992

7 Komiteessëtzunge fanne statt. D' Generalversammlung ass de 4. Abrëll am Café Félicie Haas-Kriesten. D' Henriette Heckmann gëtt als Kasserevisor hir Demissioun. De Camille Bosseier iwwerhëlt de Posten.

 

De Komitee beschléisst de Réimerlaf opzeginn.

 

Et stéiert déi Responsabel wann se an engem Bericht vum Péitenger Syndikat liesen, den Auto-pédestre, de Sentier des Mineurs an de Fitness wieren an der Rei. Zemools an deem Zesummenhang den Interesseveräin mat kengem Wuert genannt gëtt.

 

Mee richteg hannergaang fillt sech de Komitee, well den Dépliant touristique kee pipges Wuert iwwert den Interesseveräin verléiert a nëmme vun deenen zwee Syndikater geschwat gëtt. Dat wuermt, an de Komitee décidéiert sech schrëftlech bei de Gemengenautoritéiten ze beschwéieren an sech aus dem Gremium zréckzezéien.

 

Un der Vakanzaktioun 1993 gëtt sech bedeelegt.

--------------------------------------------------------------------------

 

1993

7 Komiteessëtzunge fanne statt. D’Generalversammlung ass de 27. März am Café Félicie Haas-Kriesten. De Camille Bosseler gëtt an de Komitee opgeholl, de Rudi Giardin iwwerhëlt seng Plaz als Kasserevisor. Als Merci fir säin ëmmer oppend Ouer am Interessi vum Veräi kritt de Schäffe Jos. Moscardo ee Cadeau iwwerreecht.

 

De Schäfte Roland Breyer schwätzt iwwer de ‘Sanften Tourismus’ an eiser Gemeng. Enger Ausso vum Arsène Stracks iwwert d'Verontreiung vu Gelder a Saache Grillplaz gëtt nogaang.

 

An der Affär Dépliants touristiques koum et zu enger verbaler Ausernanersetzung. De Paul Marx bericht dem Komitee, datt hien op dem Neijoersempfang vun der CSV mam Schäffe Roland Breyer eng hefteg Diskussioun zu deem Thema hat.

 

Gesot sief och, datt de Veräin all déi Joeren net un der Péitenger Kalvakad deelhegoll huet an och net deelhuele wärt. Duergéint ginn all touristesch a pro-Natur Initiativen ënnerstëtzt. Esou och d'Biergerinitiative Kordall mat engem Don vun 3 000 LUF (74,36 €) an hirem Kampf géint d'Vergréisserung vun der SLR op der franséischer Grenz zu Rodange. Och gëtt bei der Vakanzaktioun vun der Gemeng matgehollef.

 

Foto: E Merci fir de Jos. Moscardo 

vu lénks no riets: Ferdinand Delage, Jeannot Feller, Jos. Moscardo, Ferdinand Weimichkirch, Paul Marx

 

 

 

 

Mat enger Grupp Schoulkanner am Bësch

 

 

 

 

 

 

 

 

Et feelt wierklech net un Aarbecht. D'Grillplaz gëtt gebotzt, d’Bönken ugestrach. De Sentier géologique steet um Programm, an de Veräi finanzéiert 2000 nei Pläng vum Sentier des Mineurs.

 

 

 

 

 

 

An der Oicht - Eropschleefe vu Castine

 

Jos. Feller, Jeannot Feller, Georges Steffenmünsberg

 

 

 

 

 



1994

5 Komiteessëtzunge fanne statt. D’Generalversammlung ass den 23. Abrëll am Centre de loisirs. D’Georgette Back-Hentzig demissionéiert aus dem Komitee. Dräi Mann gi geéiert: Jos. Feller, Paul Schrank a Gast Gundermann als Kasserevisor.

 

Am Abrëll gëtt der Press, am Restaurant ,An der Gässel' zu Rodange, déi nei Wanderkaart vum Sentier des Mineurs, am Format DIN A4, virgestallt. Si kennt zum Präis vu 60 Frang (1,48 €) an de Verkaf.

 

D'Grillplaz gëtt virum 1. Mee an d’Rei gesaat. Bekannt gëtt an der Sitzung vum 12. Mäerz, datt de Ferdinand Delage als Keessjee an de Paul Schrank als Komiteesmember austriede wëllen. De 25. Mee läit d’Demissioun vum Keessjee vir. D'Keess gëtt provisoresch vum Jeannot Feller weidergefouert an zwee Méint méi spéit vum Hélène Weimichkirch-Welter iwwerholl.

 

Am Laf vum Joer gëtt d’Uschafung vun engem Gutbrod Eenaxer (Motoculteur) decidéiert. D’Madame Jacqueline Didier-Wiltzius wëllt bei dëser Geleeënheet e Wonsch vun hirem verstuerwene Mann Aly Didier erfëllen : d'Käschte fir déi dozou passend Remorque iwwerhuelen. Ugeholl huet de Komitee d’Demande vum André Stull, d’Organisatioun vun der ‘Amicale du 10 mai 1940’ an d’Hand ze huelen. Zwëschenduerch (1993 an 1994) hat sech den CA Lamadelaine, ënnert dem Robert Mergen, ëm dës Feierlechkeete bekëmmert.

 

Et geet drëm all 10. Mai offiziell un déi englesch a franséisch Zaldoten ze denken, déi zu Rolleng um Kierfecht leien.

 

Foto: Zeremonie vum 10. Mai 2005     [Foto Roby Fourné]

vu lénks no riets: Jos. Feller, Albert Thilmany, Jeannot Feller, Léon Schanen, Louis Roth, Aimé Knepper, Albert Schaul, René Putzeys, Gast Err, Carlo Gira, Roger Klein, Raymond Masutti, Johny Polter, Camille Bosseier, Jeannot Linden, Simone Barnig, Georges Steffenmünsberg, Claude Simon, Victor Filaferro, Pierre Mellina, Roland Breyer, Romain Rosenfeld)

 

Nei am Komitee ass vum 7. November un de René Laroche.

 

----------------------------------------------------------------------

Och déi Jonk hunn eng Hand mat ugepaakt

 

vu lénks no riets: Jos. Feller, Raphaël Feller, Jeannot Feller, Georges Steffenmünsberg, Hervé Feller, Joël Miltgen

1995

5 Komiteessëtzunge fanne statt. D’Generalversammlung ass den 10. Abrëll am Centre de loirsirs. An de Komitee ginn opgeholl: René Laroche, Romeo Lupo an Hélène Weimichkirch-Welter (neie Keessjee). De Paul Feller kritt e Cadeau als Merci fir seng jorelaang Aarbecht.

 

D’Aarbecht geet net aus. De 4. Mäerz gëtt de Wee fir op d’Muttergottesknippchen an d'Rei gesät. Och hëllt de Veräin un der 200 Joerfeier vun der Gemeng deel. Bei der Grousser Botz gëtt eng Hand mat ugepaakt.

 

Ufank September ginn nei Aarbechtsmaschine virgestallt. Bei dar Geleeënheet spendéiert d’Jacqueline Didier-Wiltzius den Unhänger am Wäert vun 40.000 Frang (991,57 €) an huet domatt de Wonsch vun hirem verstuerwene Mann Aly erfëllt.

 

An der Setzung vum 11. Oktober ginn déi onentschëllegt Absence vum Johny Frères als Ursaach gedeit, net méi am Veräin bleiwen ze wëllen.

 

 

 

De Wee gëtt befestegt

 

vu lénks no riets: Jeannot Feller, Jos. Feller, Georges Steffenmünsberg



1996

4 Komiteessëtzunge fanne statt. D'Generalversammlung ass den 12. Abrëll am Centre de loisirs. Et bleift alles beim Alen.

 

Et geet Rieds vun der Grillplaz, déi virum 1. Mee muss gebotzt ginn. D'Chance bestinn, eng Kéier een Deel vun de Pompjeesgaragen ze kréien.

 

Am Laf vum Joer stellt sech eraus, datt d’Grillplaz andauernd beschiedegt a verknascht gëtt.

 

Een neie Balkenmäher gëtt kaaft. E kascht 100 000 LUF (2478,93 €).

 

 

 

Fuhrpark

vu lénks no riets: Jean-Pierre Frantz, Albert Thilmany, Jos. Feller, Serge Vidonne,

Roger Mossong, Georges Steffenmünsberg, René Laroche, Léon Griseleyn

----------------------------------------------------------------------------

1997

8 Komiteessëtzunge fanne statt. D'Generalversammlung ass den 11. Abrëll am Centre de loisirs. D’Demissioun vum Paul Feller gëtt ugeholl.

 

Negativ beäntwert gëtt d’Ufro vum Péitenger Syndikat, him d’Pläng vum Sentier des Mineurs an Auto-pédestre Lamadelaine zur Verfügung ze stellen. De Courrier vun der Gemeng schaaft awer hei Kloerheet.

 

Den 21. Mäerz stierft onerwuart de Paul Marx (67 Joer), Vizepresident. De Paul war e gudden, zouverlässege Kolleg, ëmmer do an ëmmer bereet, d'Interesse vum Veräin ze verdeedegen.

 

Foto: De Paul op der Grillplaz

 

Nei an de Programm kënnt de Sentier des Trois Frontières vu ronn 116,6 km. De Ministère vum Tourismus schéckt eng dementspriechend Invitatioun.

 

D'Decisioun fireen neie Vizepresident ze bestëmmen bleift nach opstoen. Ee Merci vum President geet un de Jos. Feller an den Albert Thilmany fir hiert Schaffen.

 

Fauschtdéck kennt et an der Sitzung vum 7. Dezember. De Sekretär deelt mat, datt de President Ferdinand Weimichkirch an de Keessjee Hélène Weimichkirch-Welter ophalen. Hir Demissioune leie vir. Dräi Deeg duerno kommen zwee nei Membere bäi: de Georges Steffenmünsberg an de Patrick Reinert. De Poste vum Vizepresident gëtt vum Jos. Feller iwwerholl, un deem vum Keessjee ass de Georges Steffenmünsberg interesséiert.

 

An der Tëschenzäit läit och e Plang vun deem neie Sentier vir.

-----------------------------------------------------------------------

1998

6 Komiteessëtzunge fanne statt. D’Generalversammlung ass de 14. Januar am Centre de loisirs. Uschléissend ass eng aussergewéinlech Generalversammlung. Neie President gëtt de Jos. Feller, Keessjee de Georges Steffenmünsberg. D’Statute ginn eestëmmeg ugeholl.

 

De Komitee setzt sech elo esou zesummen:

President                      Jos. Feller

Vizepresidenten          Albert Thilmany, Jean-Pierre Frantz

Sekretär                        Jeannot Feller

Keessjee                       Georges Steffenmünsberg

Komiteesmemberen  Camille Bosseler, René Laroche, Romeo Lupo, Patrick Reinert

Kasserevisoren           Rudi Giardin, Gast Gundermann.

 

Zwee Punkten aus der éischter Setzung vum neie Komitee erausgegraff: d’Statute ginn op franséisch iwwersat, an am Gronn, ab der Bréck via Prënzebierg, gëtt de Wee stabiliséierta verbessert. Och d'Tëtelbiergtrëppler paken eng Hand mat un. 530 Aarbechtsstonne ginn do geleescht.

D’Equipe poséiert um Fouss vum Prënzebierg

vu lénks no riets: Romeo Lupo, René Laroche, Georges Steffenmünsberg, Roger Mossong,Serge Vidonne, Jos. Feller, Jean-Pierre Frantz, Albert Thilmany

 

 

De Wee kritt Format

 

vu lénks no riets: Jeannot Feller, Jos. Feller, Roger Mossong, Jean- Pierre Frantz


De Veräin lued, fir den 28. März, de Vertrieder vum Tourismus, de Fierschter, de President vun der „Fédération Luxembourgeoise de Marche Populaire“, de Schäfferot, d'Press an all déi Leit, déi gehollef hunn, op eng Choucroute an de Restaurant Le Lys Bleu vum Claude Weyrich an. Bei dëser Geleeënheet kréie se matgedeelt, wivill Aarbecht bis elo gemaach ginn ass a wat nach um Programm steet.

 

Nee seet de Komitee dës Kéier zu enger Bedeelegung un der „Grousser Botz". - Mär botzen dat ganzt Joer - gëtt gesot.

 

Den Topoguide „Le Pays des Trois Frontières à pied“ kritt Form. Dräi grouss Panneauën ginn zu Lonkech ewechgeholl: Käschtepunkt 150 000 LUF (3718,40 €). Dës Zomm gëtt vum Veräi virgestreckt.

 

E Kompresser, eng Débroussailleuse an Aarbechtsgezäi gi kaaft. E Projet vun engem neie Veräinswopen stellt de Jean-Pierre Frantz vir. Et gëtt decidéiert eng Bestellung opzeginn.

 

Am Komitee vum 9. Oktober geet fir d’alleréischt vum Mirador rieds. 

 

De Veräinswopen, vum Jean-Pierre Frantz entworf

1999

Komiteessëtzunge fanne statt. D’Generalversammlung ass den 22. Januar am Centre de loisirs. Et gi keng Ännerungen ze vermellen.

 

Eigentlech gëtt et och näischt Spezielles ze bemierken an ze verzielen. D'Aktivitéite vum Veräi verlafe ganz normal. Deelgeholl gëtt u verschiddene Manifestatiounen, ewéi d'Ovatioun, den 23. Juli, fir de Jean-Marie Halsdorf (Deputéierten) an de Claude Turmes (Europa-Deputéierten).

 

Virum Ofschloss steet den Topoguide GR 570 (Le Pays des Trois Frontières à pied).

 

Da gëtt et och nach e Luef vun den Tëtelbiergtrëppler: d’Wanderweeër sinn an engem ganz gudden Zoustand.

---------------------------------------------------------------------------

2000

6 Komiteessëtzunge fanne statt. D’Generalversammlung ass den 21. Januar am Centre de loisirs.

 

Den Topoguide ass zwar nach net do. Et ass awer elo scho sécher, datt den Interesseveräin dës Kéier net vergiess ginn ass. Dat ass eng Unerkennung fir déi aktiv Mataarbecht.

 

Wat d’Grillplaz ugeet, gëtt leider agesinn, datt et kee Wäert huet, se weider an der Rei ze halen. De Vandalismus ass einfach net an de Grëff ze kréien. D'Decisioun se ofzerappe gëtt geholl.

 

Neit Material a Gezäi ginn akaft: en Handy, T-Shirten, eng Heckeschéier. Geld kennt eran, Geld geet eraus. 570.121 LUF (14.132,93 €) sinn den 13. September an der Keess. Gutt giess, op Veräinskäschten, gëtt och eemol am Joer.

 

Bei der Giedel a Fond-de-Gras

lénks Säit, vu vir no hannen: Patrick Reinert, Antoinette Feller-Koziol, Lisa Koziol-Frizzarin, Hans Ehrnstrasser, Jeannot Feller

riets Säit, vu virno hannen: Rudi Giardin, Monique Giardin-Atten, Véronique Feller, Denise Thilmany-Wagner, Albert Thilmany, Maisy Feller-Hentzig, Jean-Pierre Frantz


2001

4 Komiteessëtzunge fanne statt. D'Generalversammlung ass de 26. Januar am Centre de loisirs. Alles bleift beim Alen wat de Komitee an d’ Besetzung vun de Posten ugeet. De President Jos. Feller verréit awer, datt den Topoguide GR 570 de 16. Februar eraus kënnt an, datt d’Press den 9. Februar doriwwer informéiert gëtt.

 

Zu Réhon (F) ass dann och, de 9. Februar, eng Pressekonferenz. De Guide, een Heft vu 128 Saiten, gëtt zum Präis vu 475 LUF (12 €) verkaaft.

De 14. Oktober verschwënnt d'Grillplaz. D’Jeeër pake beim Ofrappen eng Hand mat un. Wat bleift sinn d’Erënnerungen.

Vu lénks no riets:

 

Roby Fourné, Marcel Leger, René Klein, Norbert Schumacher, Paul Feller, Jos. Feller, Charles Sterpenig, Jeannot Feller, Patrick Reichling, Paul Bour, Jos. Leus, Jängi Glod (1997)


----------------------------------------------------------------------------

2002

4 Komiteessëtzunge fanne statt. D’Generalversammlung ass de 25. Januar am Centre de loisirs. De Jean-Pierre Frantz huet seng Demissioun eragereecht.

 

D'Gemeng rift d’Veräiner zesumme mam Objektiv, all déi offiziell Manifestatioune künfteg op enger Plaz ze regroupéieren. Den Interesseveräin ass der Meenung, datt d'Entente hei misst e Konsens fannen an déi Rollenger Veräiner beim Schäfferot vertrieden.

 

Eng Heckeschéier, eng Motorsee an eng Débroussailleuse gi kaaft, wat dem President Geleeënheet gëtt iwwert den Ënnerhalt vum Fuhrpark an dem Geschier ze schwätzen. Hie verlaangt do vu jidderengem méi Solidaritéit: no privatem Gebrauch hat ee Komiteesmember eng ‘en panne' gefale Maschinn einfach an den Atelier zréckgestallt an et emol net fir néideg fonnt dëst ze mëllen. Matten an der Summervakanz haten dunn de President an de Kolleg Patrick Reinert vill Méi fir d'Ersatzstécker erbäi ze kréien a si hu misse vill Stonnen afferen fir d’Maschinn ze flécken. D'Opreegung a virun allem d’Enttäuschung fir dat onkollegialt Verhale war grouss.

---------------------------------------------------------------------------

2003

3 Komiteessëtzunge fanne statt. D’Generalversammlung ass de 24. Januar am Centre de loisirs.

 

Zesummesetzung vum Komitee:

President                          Jos. Feller

Vizepresidenten              Albert Thilmany, Romeo Lupo

Sekretär                            Jeannot Feller

Keessjee                            Georges Steffenmünsberg

Komiteesmemberen       Camille Bosseler, René Laroche, Patrick Reinert

Kasserevisoren                Rudi Giardin, Gast Gundermann.

 

Een Deel vum Sentier des Mineurs / Auto-pédestre Lamadelaine gëtt an d'Rei gesaat

Plateau Hunnegfeld - Jeannot Feller a Jos. Feller

 

 Plateau Hunnegfeld, eng Paus gëft gemaach

 Georges Steffenmünsberg a Jeannot Feller


 

An der Asbl ‘Parc Industriel et Ferroviaire du Fond-de-Gras’ (virdrunn 'Circuit culturel interdisciplinaire’) stellt de Veräin ufanks ee Vertrieder.

 

An der Generalversammlung vum ‘Parc Industriel et Ferroviaire du Fond-de-Gras’, ënnert der Presidentschaft vum Jean-Marie Halsdorf, sollten dee Péitenger- an dee Rodanger Syndikat an de Verwaltungsrot opgeholl ginn, als Kompensatioun fir zwou Déifferdenger Organisatiounen, de Comité des Fêtes an d’Naturschoul vu Lasauvage. No enger hefteger Reaktioun vum Jos. Feller an engem diplomatesche Virschlag vum Här Rion, gouf dunn decidéiert e Versuch mat deene fënnef Veräiner ze maachen, fir dann an engem Joer de Bilan vun dëser Zesummenaarbecht ze zéien.

 

Zwee Joer duerno huet de Jos. Feller dësem Komitee matgedeelt, datt hien aus perséinleche Grënn net méi an d'Versammlunge ging kommen, mee dem Interesseveräin seng Zesummenaarbecht a säi 'savoir-faire’ weider ging ubidden an zwar konkret um Terrain.

 

Op d'Fro wat mam ‘Circuit culturel interdisciplinaire' geschitt ass, gëtt et nach bis haut keng Äntwert.

----------------------------------------------------------------------------

2004

4 Komiteessëtzungen (eemol Komitee - dräimol Verwaltungsrot) fanne statt. D’Generalversammlung ass den 23. Januar am Centre de loisirs. Duerno ass eng aussergewéinlech Generalversammlung. Gären hëllt de Veräin d’Felicitatioune vum Schäffe Roland Breyer entgéint, fir all déi Aarbecht déi am Interessi vun der Allgemengheet an dem Tourismus gemaach ginn ass. Wouer ass, datt de Veräin Pionéieraarbecht geleescht huet an a 24 Joer vill opzeweisen huet, ergänzt de President. Déi nei Statuten „Interesseveräin Lamadelaine asbl“ gi guttgeheescht. Si ginn enregistréiert an am Memorial publizéiert. Domatt war de Wee fräi fir kenne beim Office National du Tourisme Member ze ginn.

 

Esou ginn d’Posten am Verwaltungsrot opgedeelt:

 

President                         Jos. Feller

Vizepresidenten             Albert Thilmany, Romeo Lupo

Sekretär                           Jeannot Feller

Keessjee                           Georges Steffenmünsberg

Komiteesmemberen      Camille Bosseler, René Laroche, Patrick Reinert

Kasserevisoren               Rudi Giardin, Gast Gundermann.

 

 

Ee neie Schantje steet demnächst virun der Dier: de Wee vum Gedenk­steen Johny Gaub bis bei d'Schiedhaischen. Mat Hëllef vun der Entreprise Toni Rante ginn Trape gesat an der Firma Anc. Ateliers Olinger metalle Gelänner ubruecht.

 

An der zweeter Steigung - Romeo Lupo, Jeannot a Jos. Feller mat der Equipe vum Toni Rante

 

 

Gepackt


 

 

 

 

 

 

 

 

Da ginn zu Déifferdeng, Am Wangert, also um Sentier des Mineurs an enger géier Steigung Trapen aménagéiert an een neie Wee ugeluecht.


Custodio Manuel Dias Alves

 

Vu lénks no riets:

 

Jeannot Feller, Jos. Feller, José Duarte de Sousa, Yves Bourquel, Jos. Bourquel

2005

3 Sëtzunge vum Verwaltungsrot fanne statt. D’Generalversammlung ass den 21. Januar am Centre de loisirs. Ee Merci kënnt vum Buergermëschter Pierre Mellina, deen och nach eng Kéier d’Ënnerstëtzung vun der Gemeng bekräftegt. Ëmmer huet och de President vun der Entente vun de Rollenger Veräiner - säit 2000 de Roby Fourné, vun 1983 bis 2000 de Jeannot Linden a virdrun den Albert Tarayre - de Veräin encouragéiert esou weiderzemaachen.

 

Nächst grouss Erausfuerderung ass d'Erneierung vum Wee vum Paschtoueschhaus erop bis op d’Schinne vum Train 1900. Hie gëtt am Januar 2006 mat Hëllef vun der Entreprise Rante aménagéiert.

 

Da stinn d'Feierlechkeete vum 25ten Anniversaire an d'Haus. Do freet de Verwaltungsrot Verstäerkung a versieht d’Feierlechkeete mat enger Broschür an der Aweiung vum Mirador ze verbannen.

 

Den Doud vum René Laroche (78 Joer), den 28. Oktober 2005, räisst nees e Lach an de Komitee. Säi Wëssen iwwer dat fréiert Rolleng an d’Ëmgéigend war einfach genial.


2006

3 Sëtzunge vum Verwaltungsrot fanne statt. D'Generalversammlung ass de 27. Januar am Centre de loisirs. An där Setzung huet de Schäffe Roland Breyer, a Saache Mirador, eng finanziell Participatioun vun der Gemeng an Aussicht gestallt.

 

Am Virfeld vun der Generalversammlung waren, den 18. Januar, Sondéierungsgespréicher mat verschidde Leit, déi sech bereet erklärt haten am erweiderte Verwaltungrot matzeschaffen mam Zil: 25ten Anniversaire, Broschür an Aweiung vum Mirador.

 

Dëse Grupp gëtt dann och an der Generalversammlung guttgeheescht. Et sinn: Roby Fourné, René Klein, Camille Mentz, Carmen Mentz, André Quintus an Alain Thill.

---------------------------------------------------------------------------

 

 

Le comité renforcé de l’lnteresseveräin Lamadelaine

 

Vu lénks no riets, zweet Rei:

René Klein, Romeo Lupo, Jeannot Feiler, André Quintus, Roby Fourné

 

Vu lénks no riets, éischt Rei:

Jos. Feiler, Albert Thilmany, Camille Mentz, Alain Thill

 

Op der Foto feelt:

 

Georges Steffenmünsberg

---------------------------------------------------------------------

2007

11 Sëtzunge vum erweiderte Verwaltungsrot fanne statt. D’General­versammlung ass de 26. Januar am Centre de loisirs.

An deenen 11 Sëtzunge sinn dann d’Richtlinne gesät ginn, déi zu deem Resultat gefouert hunn, dat mer haut kennen

 

-----------------------------------------------------------------------------------------------

 

2008

2 Sëtzunge vum erweiderte Verwaltungsrot fanne statt. D’Generalver­sammlung ass de 25. Januar am Centre de loisirs. Dem Camille Bosseler säi Mandat gëtt net méi verlängert.

 

Zeitungsbericht „Der Aussichtsturm ist eine Bereicherung“ (Tageblatt - Mg)

Interessenverein Lamadelaine sieht sich in seiner Arbeit bestätigt Die Aktivitäten des Interessenvereins Lamadelaine waren im vergangenen Jahr durch die 25-Jahr-Feier, aber vor allem durch die Errichtung des Aussichtsturmes auf der „Muttergottesknippchen“ geprägt. Das ausgesprochene Lob durch Bürgermeister Pierre Mellina und den Vertreter des Tourismusministeriums, Jean-Paul Thill, beflügle den Verein, in seinen Anstrengungen weiterzumachen, so Präsident Jos. Feller in der Generalversamlung des Interessenvereins.

 

Sekretär Jeannot Feller berichtete, dass für den Unterhalt der Wanderwege 150 Stunden aufgewendet wurden. Vorrangig ist der „Sentier des Mineurs" mit einer Länge von 29 Kilometern. Neben der Ausbesserung der Wege wurde auch gemäht und es wurden Hecken geschnitten. Die Kosten für diese Arbeiten übernimmt größtenteils das Tourismusministerium. Der Bau des Aussichtsturmes aus Stahl, der typisch für die Gegend sei, hat trotz Zuschüssen von je 30 000 Euro durch Ministerium und Gemeinde sowie zahlreicher Gönner ein Loch in die Kasse gerissen, wie dem Finanzbericht von Kassierer Georges Steffenmünsberg zu entnehmen war.

 

Die Gedenkfeier für die Gefallenen des 10. Mai wird vom Interessenverein organisiert. Verschiedene Informationstafeln wurden aufgestellt. Die Arbeiten an den Wanderwegen sollen fortgesetzt werden. Der Verein möchte seine Erfahrungen bei der Neugestaltung des Fitnesspfades durch das CIGL mit einbringen. Auch soll eine Festbroschüre zum 25. Vereinsjubiläum erscheinen.

 

Lob für den Verein gab es durch Entente-Präsident Roby Fourné, der seiner Überzeugung Ausdruckgab, dass die Wanderwege mehrTouristen in die Gemeinde brächten als die Organisation von Sprachkursen und Kunstausstellungen.

 

Die Glückwünsche der Gemeindeverwaltung überbrachte John Polfer, der dem Verein bescheinigte, in 25 Jahren viel geleistetzu haben. Mit dem Aussichtsturm sei ein Traum in Erfüllung gegangen. Die Aussicht reiche weit über die Gemeindegrenze hinaus und von weit über die Gemeindegrenze kämen die Wanderer.

 

Nicht mehr im Vorstand des Interessenvereins Lamadelaine, der sich aus Präsident Jos. Feller, den Vizepräsidenten Albert Thilmany, Romeo Lupo, Sekretär Jeannot Feller, Kassierer Georges Steffenmünsberg und Patrick Reinerf zusammensetzt, ist Camille Bosseler.

 

An der Setzung vum 22. September gëtt verlaangt een Effort ze maache, fir datt d’Broschür endlech ka presentéiert ginn.

---------------------------------------------------------------------------

2009

D’Generalversammlung ass de 24. Abrëll am Centre de loisirs.

 

Zeitungsbericht „Wanderwege als Hauptaufgabe“ (Tageblatt - c.g.f.)

Interessenverein Lamadelaine zog Bilanz

In seiner Ansprache zur Jahreshauptversammlung des Interessenvereins Lama­delaine bedauerte der Vorsitzende Jos. Feller neulich, dass er durch Krankheit nicht so zur Verfügung stand wie gewünscht und dadurch verschiedene Vorhaben nicht ausgeführt wurden. Auf Anraten von Entente-Präsident Roby Fourné soll die geplante Festschrift zum 25. Vereinsjubiläum und zur Errichtung des Aussichtsturmes baldmöglichst herausgegeben werden.

 

Die Aktivitäten belichtete Sekretär Jeannot Feller. Der Interessenverein kümmert sich vorrangig um die Instandhaltung des Wanderweges „Sentier des Mineurs“ der eine Länge von 29 Kilometern hat. Über diesen führen teilweise die Rundwanderwege von Lamadelaine, Differdingen und Rodange, die drei CFL- Wanderwege sowie der Thematische und der geologische Weg „Giele Botter“. Der Unterhalt der Wege besteht im Mähen, Schneiden von Hecken und der Erneuerung des Weges. Insgesamt wurden 161 Arbeitsstunden notiert. 800 weitere Stunden waren nötig, um das Gelände um die „Muttergottesknippchen“ und den Aussichtsturm in Form zu bringen. Des Weiteren wurden 20 Bäume weggeräumt und 630 Buchen und 175 Heckensträucher neu gepflanzt. Auch der Zugangsweg wurde instand gehalten. Kassierer Georges Steffenmünsberg trug den Finanzbericht vor.

 

Der Vorstand setzt sich zusammen aus: Präsident Jos. Feller, Vizepräsident Albert Thilmany und Romeo Lupo, Sekretär Jeannot Feller, Kassierer Georges Steffenmünsberg und Patrick Reinert als beisitzendes Mitglied.

 

Schöffe Roland Breyer dankte dem Verein für seinen Einsatz im Interesse der Allgemeinheit. Für die Bürger könnte mit dem Bau eines Jugend- und Familienhauses, das auf dem Territorium der Gemeinde entstehen soll, eine Attraktion dazu kommen. Es handelt sich hierbei um eine Einrichtung, die günstig zum Übernachten genutzt werden kann und einen touristischen Anziehungspunkt verspricht. Die Beschilderung der Wanderwege soll nach Breyer verbessert werden. Kein Interesse mehr zeige die Gemeinde am „Sentier rouge“.


Fotogalerie