Fond de Grâce - Fond de Graas - Fond de Gras

Op Postkaarten virun 1900 ass et

Fond de Grâce geschriwe gin!

 

Kurz no 1900 steht op enger Postkaart Fond de Gras.

 

Op topographeschen Karten vun 1907

steht dann Fond de Graas (2xa)

oder och nach Bëschdeiler ewei Graaskap a Graasken.

 

Op topographeschen Karten ab 1950

steht dann ebemol Fond de Gras

wei et nach haut geschriwe get.

 

Am 2. Weltkrich hun Preisen et

Gnadengrund genannt, wat nees op "Grâce" hiweist.

 

Laut aneren Zeitzeien hun Preisen et

"Erzgründchen" genannt.

 

Durch watfier Emstänn

et zou denen verschidenen Schreifweisen komm ass

ass dem Webmaster bis haut onbekannt.

 

D'Aussproch ass awer bliwen d.h.

een langen "a" mat engem  scharfen "s" zum Schluss.

 

am Gras (In Gras) - 1771 graß, a grase (L); 1782 im ort gras genent (L); 1 785 a grasse (L). Etwa gegenüber der Miniere Doihl. Durch diesen Flurtei I fliesst die Maragole, so dass früher hier üppiges Gras wuchs (siehe Ferrariskar­te 1777). Der hintere Teil des Talgrundes zwischen Titelberg einerseits und Bois de Rodange andererseits heisst FOND DE GRAS (Rodinger Bann, die Rollinger Seite heisst unterst Blenken). Die Deutung Gras = Grâce = Gnade und damit Fond de Grâce — Gnadengrund (R16) ist nicht haltbar.

Quell: René Klein - Lamadelaine



Fond de Grâce an Fond de Gras



Gemengegrenz zweschend Péiteng an Deifferdeng verleift ganz komesch an FdG d.h. en stinn Gebeier op Péitenger an aner op der Deifferdenger Seit, deils leift Grenz durch Gebeier.

 

Dozou folgendes: Mein Monni ass 1929 a FdG an engem Zemmer vun der Gare op Welt komm. Dat Zemmer luch op der Deifferdenger Seit. Dofier ass hien een Deifferdenger an all seng Geschwester sin Rodanger.

 

Fond de Gras steht also deils op Rollénger - deils op Rodanger an deils op Nidderkuerer Seit.


em 1950


Ganz riets steht den Arend Gregi - Bop vum Claude Arend




Mine Langfuhr am FdG - dei einzeg mat Elektrolok
Mine Langfuhr am FdG - dei einzeg mat Elektrolok
Paus - Op der Wichs
Paus - Op der Wichs
Mine Langfuhr am FdG - dei einzeg mat Elektrolok
Mine Langfuhr am FdG - dei einzeg mat Elektrolok
op der Wicks - am Doihl - Rodange
op der Wicks - am Doihl - Rodange


Fotoen aus dem Buch - Am Minett gescht an haut"





Erzielung vum Arend Constant- 1999

Et ass net méi, ewéi et war

De Fond de Gras lierft vun der Erënnerung un d’Minettszäit

 

Erzielungen vu mengem Monni Arend Constant - nidergeschriwen vum Emil Angel

Aus der Brochur vun der Société Chorale Lamadelaine 1889 - 1994 - 2014

 

 

Arend Constant *1929 - +2020

--------------------------

„So, schreif emol eppes iwwert de Fond de Gras!"

Ech war schlecht drun. „Öö..., ech muss emol kucken."

Weess de, dass ech hei gebuhr sinn?"

„Keng Ahnung!"

Do ënnen op der Gare. Ech zielen der dat eng Kéier, an da schreifs de eppes."

 

Dat war dëslescht am Summer. Ech war grad am Fond de Gras „bei der Giedel" zur Dier erakomm. De Const hat mer emol keng Zäit gelooss, fir mech ze setzen. Hie selwer war scho ferm amgaang ze maufelen. Seng Fra war bei him, an e puer Frënn, déi ech net kannt hunn.

Iwwert dem lessen hunn ech mer säi Virschlag duerch de Kapp goe gelooss. „Ech melle mech", sot ech herno zum Const, „da schwätze mer iwwert déi Saach."

Et huet gedauert bis an de spéiden Hierscht, ier ech en ugeruf hunn, an ee Samschdegmëtteg hu mer eis am Fond de Gras getraff.

***

Et ass Enn November, mä mer hunn herlecht, gutt kaalt Wanterwieder, mat bloem Himmel vun engem Enn op dal anert. An et läit esouguer Schnéi, net iwwerall, mä do, wou d'Sonn nach net zerguttst hi komm ass. Ënnen am Lach, virun der Gare, dämpt eng Lokomotiv. Eng deck, wäiss Wollek hänkt an der Lut; vu lauter Damp geseit een den Zuch bal net. Gewéinlech fiert en nëmmen am Summer. Haut ass eng Ausnam, well de Kleeschcn an de Fond de Gras kënnt. Um Kä stinn d'Kanner mat hire Mammen a Pappen ze waarden.

Mir zwee sinn e Stack méi héich ewéi den Zuch. Lénks vun eis ass ënner fräiem Himmel eng Walzstrooss opgebaut, a riets am Hank steht déi néi Hal - eng iddi zevill nei - an deeër se de Industriemusée ageriicht hunn.

„Mer trëppele fir d'éischt en Tour", seet de Const. „Herno gi mer bei d'Gare dorower."

 

Ronderëm den Tëtelbierg

Mer huelen de Pad, dee ronderëm den Tëtelbierg geht; niewent eis, eng zwanzeg Meter méi déif, leeft d'Misärsbunn. Am Gestraiss op béid Saiten hänken nach faarweg Blieder. Se si steif gefruer, a wann een drukennt, falen se erof. Rietser Hand hu mer rout Koppen, a gläich vir, niewent dem Wee, ass e Lach am Bierg, wou freier eng Galerie eragaangen ass. Lénks vun eis läit déi wäit oppe Géigend, déi bis an d'Belsch an a Frankräich erageet. Op enger Plaz, wou d'Gestrëpp eis d'Vue fräi mécht, bleiwe mer stoen. Den Himmel ass esou kloer, dass mer iwwer Rodange an Athus ewech bis op Arel gesinn. Villes ass nei an der Landschaft, mä net onbedéngt schein, a fir d'lndustriezon op der Frontière kënne mer eis guer net begeeschteren.

„Et ass vläicht haut méi propper mat deene Plas­tikshalen", mengt de Const, „mä esou eng Schmelz, déi gedämpt huet,hat dach méi Charakter."

Den Arend‘s Const ass 1929 an der Gare am Fond de Gras op d'Welt komm. Säi Papp huet hei als Accrocheur geschafft. Hie war bei der Eisebunn ugestallt, dat war deemools nach de „Prënz". Un déi Zäit, wou en hei gewunnt huet, kann de Const sech net erënneren: en hat eréischt annerhalleft Joer, wéi d'Famill op Rodange geplennert ass. Mä als Bouf huet en dem Papp all Dag mis­sen d'lessen op d'Aarbecht bréngen.

„Esou bal d'Schoul aus war; hues de d'Dëppche mam Bulli an de Grapp gedréckt kritt, an da lass an de Fond de Gras! Eng Mëttegpaus ass et net ginn."

Duerfir huet en awer däerfen de Rescht Zopp iessen, a fir heem huet de Papp em e Stéck Holz op d'Schëller gelueden.

„An esou séier, ewéi s de gewuess bass, ass d'Stéck Holz méi grouss ginn."

Wéi mer nach do stinn, héiere mer den Zuch kommen. Mer kréien en net zu Gesiicht, och net wann e just ënnert eis laanscht fiert. Wat mer gesinn, ass en decke fette Raup aus schluetwäissem Damp, dee gemellech iwwert d'Spëtze vun de Beem krécht. Dann hu mer den typesche Kuelegeroch an der Nues, an deem gi mer op eisem Tour net méi ganz lass. Wann dann och nach den Zuch all Puer Minutte päift, brauchs de dech net ze wonneren, wann‘s de nostalgesch gëss. Net nëmmen de Const, ech selwer hunn och nach d'Minettszich gesinn hei fueren. Dat war déi Zäit, wou ech zu Péiteng bei de Scoute war a mech all gudden Dag um Prënzebierg erëmgedriwwen hunn.

D'Misärsbunn ass an de siwwenzeger Joere vum nonzéngte Jorhonnert gebaut ginn. An e puer groussen S-Kéieren ass se vu Péiteng aus ronderëm de Prënzebierg an den Tëtelbierg bis an de Fond de Gras gaangen. Eng Zäitlaang esouguer méi wäit: virum Krich sinn d'Zich ronderëm de „Klopp" bis op d'franséisch Grenz gefuer.

Bis 1964 si MilliounenTonne Minett iwwert d'Misärsbunn an d'Schmelze geschleeft ginn. Du war Schluss, op der Héicht vum Fuussbësch war de Bierg op d'Schinne ge­rutscht Et huet sech net méi rentéiert, fird'Streck erëm op ze maachen. Haut fiert den Touristenzuch. E puer Idealisten hunn d'Bunn an d'Rei gesät, nach net ganz: kuerz viru Péiteng steet eng Fabrik - och esou eng Plastikskëscht - op de Gleisen. Mä wéi et schéngt, hunn se och do elo eng Léisung fonnt.

„All Respekt", seet de Const. „D'Jongen hunn eng zoIitt Aarbecht geleescht." An no enger Paus: „Mä esou wéi et déi Zäit war, gëtt et ni méi."

„Déi Zäit" oder „deemools" - wéi dacks hunn ech déi Wierder dee Mëtteg nach ze héiere kritt - dat war, wéi d'Mineuren nach an d'Galerië gaange sinn, a wéi d'Buggien nach duerch de Bësch gejabelt sinn a gesouert a gejiipst hunn, dass d'et kilometerwäit héieren hues. Dat war, wéi um Bierg méi Liewe war, wéi an den Uertschafte ronderëmmer.

Am Fond de Gras huet „d'Providence" gelueden, am Fuussbësch hat „d'Angleurs" hire Kä, een zweeten hat se um „Hackels". Eng gutt Dose Gesellschaften, déi meescht vun hinne si laang vergiess, hunn um Bierg gewuddert, a jiddereng hat hire Kä laanscht d'Misärsbunn, wou se hir Minett aus de Buggien an de groussen Zuch getippt huet. Op der Gare am Fond de Gras war „déi Zäit" méi lass ewéi op deeër zu Rodange.

„Firwat heescht et Misärsbunn?"

„Well se Misär gemaach huet! Et ass un allem gespuert ginn, an da goufen et ëmmer Pannen, an et sinn och alt Zieh entgleist."

Um Wee kënnt eis eng Koppel entgéint. De Mann ass e puer Schratt vir.

„Hei, de Const! Wéi geht et?"

Et gëtt eng Causettchen, trotz der Keelt. Et ass gutt, dass mer an der Sonn stinn.

„A wat soen se op der Schmelz?"

Hie wier elo pensionéiert ginn, seet de Mann. „Mat siwenafofzeg. Se si frou, wa se eis lass sinn."

Méi déi puer, déi géife bleiwen, déi miissten derwidder. „Et ass keng Freed méi!"

An du geséichs keng Leit méi an der Schmelz: riseg Hale mat just e puer Mann, déi dra schaffen.

Hie wier gefrot ginn, fir eng Visite ze organiséieren, seet de Const. Hien hätt ofgeroden: „Leit, dei do sëtze Knäppercher ze drécken, gesäis de iwwerall."

De Mann hëft d'Schëlleren: „Et ass netméi, ewei et war!"

Déi zwee gi virun; hie vir, d'Fra hannendrun.

Ech hunn net gewosst, dass de Const laang Joeren op der Rodanger Schmelz geschafft huet. Hien hat um Techni­kum missen ophalen, wéi säi Papp krank ginn ass.

„Mer waren zu fënnef Kanner doheem. Do ass et op all Su ukomm."

A seng Pai huet hie schéi brav doheem erausginn. Eng Zäitche war de Const op der Fonderie, du koum en an d'Stolwierk. Hien hat et bis zum éischte Blosmeeschter bruecht. Mat aachtavéierzeg Joer huet hien de Kont geholl. Hie wollt säi fräien Här sinn. Du huet en Assurance gemaach.

„Dat läit mer. Ech gi gäre bei d'Leit."

Un der Gesellegkeet feelt et him bestëmmt net! Als jonke Kärel wier hien ëmmer zevill schei gewiescht, bis en ugefaangen hätt am Rodanger Gesankveräi mat Theater ze spillen. A wéi se „Déi vum ieweschten Haff" op d'Bühn bruecht hunn, huet hien d'Haaptroll kritt.

„Ech war den Nausi. E schwéiert Stéck, et ass bal nëmmen dra gesonge ginn."

Dann zielt e mer, dass en och eng Zäit President vun der „Chiers" war a gehollef huet, wéi déi zwee Rodanger Fussballveräiner fusionéiert hunn.

D'Muttergottesknippche läit ganz am Schied, an et ass spatzkal hei ze stoen. Direkt ënnert eis hu mer Rolleng, hannendrun de breeden Dall, dee bis un de Prënzebierg geet. Op der Bunn déi Säit kënnt erëm den Dampzuch gefuer. Hien huet seng Ronn gedreint an ass um Wee fier hannescht an de Fond de Gras. Den Damp ass nach ëmmer schluetwäiss, an et gesäit aus, ewéi wann den Zuch a Watt agepaakt wier. En hëlt sech seng Zäit, an et dauert e Strapp ier en op der Misärsbréck ass. Lues a lues verschwënnt en dann tëschent de Beem an den Hecken, an uewendriwwer krécht erëm de wäisse Raup.

„Do ënnen niewent der Kierch hu meng Eltere gewunnt ier se an de Fond de Gras geplënnert sinn. Et war dem „Baron" Schmit säin Haus."

Et géifen nach al Rollenger ginn, déi sech un de „Baron" erënnere kënnten, méi se geifen ëmmer méi rar.

De géie Pad erop kënnt ee gekäicht. Wann e bei eis ukënnt, gesinn ech, dass et deeër Jéngster kee méi ass.

„Salut, Const!" (Op eisern Tour begéine mer der nëmmen zwee, déi de Const net kennen. Se schwätze portugisesch mateneen).

De Mann bleift e Moment bei eis op der Muttergottesknippche stoen, an et dauert keng zwou Minutten, da si mer erëm amgaang vun „deemools" ze schwätzen. Hie wier op der Bunn gewiescht, seet de Mann, an hien hätt dacks op der Misärsbunn „gelöden". Sengcm „ö" no ze jugéieren, miisst hie vu Péiteng sinn.

 

Op der Glécht

Wa mer uewen op déi grouss Glécht vum Tëtelbierg kommen, ass et scho véier Auer passéiert. Elo si mer erëm an der Sonn, mä se wiermt net méi richteg. Si steet neelech riets iwwert de Beem, an du mengs, vum Bësch hier géife lues a lues d'Schieden iwwert de Plateau wuessen. Mer bleiwen e Moment bei den Ausgruewunge stoen, an de Const seet, hie wier elo kuerz mam Archeo­log aus dem Musée hei uewe gewiescht. Den Tëtelbierg, esou hätt e gesot kritt, wier eng vun de gréisste keltesche Buerge gewiescht. Et héiert sech un, ewéi wann de Const houfreg driwwer wier.

Am Fond de Gras dämpt den Zuch scho virun der Gare, an um Wee fir an d'Lach dorower, kommen d'Kanner eis mat den Tuten entgéint. De Kleesche kréie mer net ze gesinn, duerfir awer zwee Houseker an - et ass net ze verkennen - eng Housekerin. Déi dräi kommen do geschlappt, ewéi wa se eng laang Schicht hanneru sech hätten.

Virun der Gare bleift de Const stoen a weist op eng Fënster um éischte Stack: „Do uewen an der Kummer sinn ech op d'Welt komm. Et ass déi Nidderkuerer Säit vum Haus."

Säi Papp hat hie missen op Déifferdeng umelle goen, mä seng eelst Gesëschter sinn op Rolleng an d'Schoul gaangen. D'Grenz tëschent der Péitenger an der Déifferdenger Gemeng leefl matten duerch d'Haus.

Um Giewel, mat wäisse Buschtawen op bloem Schëld, steet: „Fond-de-Gras". Historesch gesinn, stëmmt dat net. Et war ëmmer d'Rollenger Gare, offiziell: „Gare in­dustrielle de Lamadelaine". Fir den Tourismus ass se ëmgedeeft ginn.

Bei der Giedel

Bei der „Giedel" ass scho Betrib. Ronderëm de Kolonnenuewe sëtzen déi, déi ëmmer hei sëtzen.Um ovalen Dësch am Eck ass nach Plaz.

„Komm, mer setzen eis hei bei d'Jongen!"

D'Jonge soen, si wieren allebéid iwwer achzeg. Deen ee vun hinne kréien ech als Mentze Pol virgestallt, deen aneren ass de Kaufmanns Erni. Mat Minett an Eisen haten dei zwee genuch ze dinn: deen een e Liewe laang an der Minière, deen anere laang Joeren zu Rodange op der Fonderie, ier en an den Eisebunnsatelier op Péiteng komm ass. De Const péckt eng Foto aus: eng hallef Do­sen Eisebunner sti virun enger schwéierer Lokomotiv. Wann ee gutt kuckt, gesäit een hannendrun e Steck vun engem Minettskä.

„Et ass do ennen op der Gare. De leschten an der Rei, dee klengen do, dat ass mäi Papp."

„De klenge Greg", seet ee vun de Jongen", an deen aneren: „Ma sécher hunn ech däi Papp kaunt."

Se Const ass mein Monni also ass de Greg folglech mein Bop.


Da ginn nach Nimm genannt. Ech sinn den eenzegen um Dësch, deen déi Leit net kennt. Déi eng hunn um Kä gelueden, déi aner hu sech an der Galerie am Akkord gebascht. An dann hätten se sech keng Zäit geholl, fir d'Stempelen ze setzen an den Daach zerguttst ofzestäipen. Déi Stonne sinn net bezuelt ginn. A bis 1936 hätten d'Mineuren esouguer d'Holz misse stellen. An de Polver fir ze sprengen!

No Feierowend souzen se „bei der Giedel".

„Och alt op der Schicht!"

De freiere Mineur zielt da vun engem, deen all Dag méi laang am Café gesiess hätt, wéi en an der Galerie Buggie gelueden huet.

„Seng Wittfra hat herno méi Rent, ewéi se jeemools vu Pai ze gesi kritt huet."

Mer laachen, an ech fäerten, et géif elo ee soen, et wier dach eng schein Zäit gewiescht. De Saz kënnt net. Mer huelen e Schotz aus eisem Humpen, an da schwätze mer vun haut, vum Dampzuch a vun der Binnchen, déi duerch d'Galerie op Lasauvage fiert, a vun allem, wat an de leschte Joeren am Süden ënnerhol! ginn ass, fir d'Minettszäit net an de Vergiess kommen ze loossen.

„Et ass alles schein a gutt mat de Muséeën", seet de Mineur; „mä wann s de dat haut kucks, da mengs de heiansdo mär wieren an d'Galerie an d'Vakanz komm."

Ech bréngen d'Gespréich erëm op de Fond de Gras. ivill Leit do gewunnt hunn, weess kee vun deenen dräi.

„Eng hallef Dose Stéit", mengt dee vun der Fonderie.

„Knapps" seet de Mineur, an de Const ka sech just un d'Kättchen erënneren. Säin Haus hätt do gestanen, wou se elo d'Walzstrooss opgeriieht hunn. Hie fänkt un ze laachen: wa se als jonk Borschten owes „bei der Giedel" souzen, dann huet den Harmonikas-Jängi si gestëppelt, dem Kättchen de Scharibari schloen ze goen. Mä dat huet sech net verkëppe gelooss, an et huet scho mat der Potschamp am Grapp op der Fënster gelauert, wa se ugeréckf koumen.

„Wéi laanggëtt et „d'Giedel" schonn?"

„Déi gëtt et schonn éiweg", seet de Mineur, an de Const mengt, fir Detailer hätt ech am beschten, ech géif de Storonis Charel froen.

Wéi si se dunn op den Theater ze schwätze komm? Aus dem Gcspréich ergëtt sech, dass de Kaufmanns Erni säi Liewe laang eng Stäip vum Rodanger „Cercle Dramatique" war. Hien hätt selwer Stécker geschriwwen, seet e mer, an da kréien ech ausernee gedoen, dass een aus enger auslännescher Virlag just däerf d'lddi eraushuelen. D'Opmaachung muss awer typesch lëtzebuergesch sinn.

„Net ewéi se et haut maachen!"

E puer vu senge Stecker ginn nach ëmmer uechter d'Land gespillt. Da sinn déi dräi op eemol erëm mat „deene vum ieweschten Haff" amgaang. An de Const gëtt net fäerdeg opzezielen, wat dat deemools eng Aarbecht war, fir dat Stéck op d'Bühn ze bréngen.

Jiddereen huet eng Hand mat ugepaakt. Haut wier esou eppes net méi méiglech!"

„Wou géifs de d'Leit hierhuelen?" seet ee vun de „jongen", an deen aneren: „Et ass néierens méi déi Begeeschterung an de Veräiner."

Da komme mer zur Konklusioun, dass näischt méi ass ewéi et war.

 

An der Bincken-Epicerie

Eng laang Téik, an hannendrun heich Regaler, alles aus däischterem, massivem Holz; eng Lieder, déi uewen agekrämpt ass, Dosende vun Tiräng, mat klenge Schëltercher drop; an op de Gefaacher: Glieser, Bokaler, Fläschen; grouss a kleng Päck op denen „Omo", „Henkel" oder „Vi­gor" steet; eng schwéier Keess op der Téik, derniewent eng almoudesch Wo, mei wäit am Eck e Schreifpult...

Enn der achzeger Joere war déi al Bincken-Epicerie vun Déifferdeng vum Musée opkaaft an nei am Fond de Gras opgeriicht ginn. Lénks a riets gouf nach gesammelt, wann emol e Stéck gefeelt huet. An esou ass eppes zesummekomm, wat sech weise léisst. Auslännesch Filmleit hätte schonn am Buttek gedréint, seet de Storonis Charel.

Hie steet dee Mueren hannert der Téik, ewéi wann hien den Epicier wier. Et feelt em just de Kraijong hannert dem Ouer. An e puer Zëmmer hannert dem Buttek hänke Fotoen, Kaarten a Pläng un der Mauer. Hei géifen d'Visiten emmer ufänken, kréien ech gesot. Meeschtens wieren et Schoulklassen, déi de Fond de Gras besiehe keimen.

„Vun iwwerall aus dem Land' aus dem Minett selwer kommen der manner. Vläicht ass d'Rees net wäitgenuch."

De Storonis Charel huet bei der Arbed als Geometer ge­schafft, an zënter hien an der Prépensioun ass, këmmert hie sech ëm den Industriemusée. Dee Muere sinn ech den eenzegen Tourist.

Am Gebai, wou mer elo stinn, ware freier d'Büroe vun der belscher Gesellschaft „Thy-Ie-Château". Haut gehe­iert d'Haus dem Stat, an niewent der Epicerie an deene puer klengen Ausstellungsäll sinn d'Archeologen, déi um Tëtelbierg ausgruewen, dran ënnerbruecht.

Dat zweet Gebai am Fond de Gras huet der „Providence" gehéiert, et ass laang ofgerappt. Bliwwen ass just en Ubau, deen haut zum Café gehéiert. Et gesäit aus, ewéi wann „d'Giedel" eng Kéier bäigebaut hätt. Dobäi waren d'Wiertsleit net glécklech, wéi „d'Providence" hinnen ufanks Joerhonnert esou e féierlecht Gemaier niewent hiert hëlzent Haische gesat huet. Zënter hier gouf et net méi ganz hell an der Wiertschaft.

Éiweg gëtt et „d'Giedel" nach net, wéi ech beim Patt gesot kritt hat, awer ëmmerhi schonn honnertzwanzeg Joer. E gewëssene Léonard Müllesch huet deemools mat der Awëllegung vun der Déifferdenger Gemeng am Fond de Gras eng Kantin fir seng Aarbechter gebaut. Hie war ewéi vill anerer déi Zäit, e klengen Entreprënner, en „tâcheron", deen op säin eegene Kont no Minett gegrue- wen huet. Bei der Vollekszielung vum éischten Dezem­ber 1880 hunn net manner ewéi uechzéng Leit a sengem Haus gewunnt. Zënter e puer Joer ass den Zuch du scho bis an de Fond de Gras gefuer, a wéi an der Eisenindus­trie dem Sydney Thomas seng Method sech duerchgesat huet, ass ewéi rosen um Bierg gewullt ginn. Och déi méi grouss Firmen ewéi „Providence", „Angleurs" „Thy-Ie-Château" hu sech établéiert.

Aus der Kantin ass eng Wiertschaft ginn. Si louch matten am Minièresgebitt, an direkt virun der viischter Dier sinn d'Galerien ënnert de Buedem gaangen.

Den Numm „Giedel" ass opkomm, wéi d'Wiertsfra 1894 bei hirem Meedche sengem Klengen Dafgiedel ginn ass. De Léonard Müllesch war du schonn zënter véier Joer dout. Bis 1985 ass d'Wiertschaft vun der selwechter Famill gefouert ginn, duerno huet de Stat se iwwerholl.

Ausser dem Cafe ass et all déi Zäit een eenzegt Privat­haus am Fond de Gras ginn.

„E klenge Bauer, Kies huet e geheescht. D'Haus stoung do ënnen, wou haut d'Walzstrooss ass."

Deemno muss do d'Kättchen gewunnt hunn, deem de Const a seng Kollegen heiansdo wollten e Ständche bréngen.

„A Famillje mat Kanner?"

Esoulaang ewéi et „gefluppt" huet mat der Minett, gouf et am Fond de Gras nëmme Büroen, Päerdsställ, eng Kantin an Zëmmere fir Jonggesellen. Eréischt an de fofzeger Joeren, wéi et ugefaangen huet méi lues ze goen, an d'Büroen net méi gebraucht si ginn, sinn och alt Fa­millje mat Kanner dohinne wunne komm. Wéivill dass et der waren, wier schwéier ze soen.

A wou den Numm Fond de Gras hierkéim?

E wier hallef franséisch an hallef däitsch, kréien ech gesot, wat jo ganz typesch wier, fir eng Plaz déi esou no un der Grenz léich. „Fond" sténg natierlech fir Fong, an „Gras" géif op eng gutt Weed hiweisen.

„Bei de Preisen huet et „Erzgründchen " geheescht."

Dass d'Leit sech net eens sinn, ob se Fond de Gras mat oder ouni Bindestréch schreiwe sollen, wier net schlëmm, seet de Charel, mä wann op engem Stroosseschëld, ewéi um Rondel bei der Nidderkuerer Maartplaz, „Fond" mat engem „s" geschriwwe steet, da kënnt een nëmmen de Kapp rëselen.

 

Ech hat duerno den Arend‘s Const nach eng Kéier um Telefon.

„Waars de bei de Storonis Charel gaangen?"

„jo, elo deeër Deeg een."

„An?"

„Ech si vill gewuer ginn."

„Da weess de elo, wat s de ze dinn hues!"

(Éischt Publicatioun: Warte Nr. 3/1871 vum 21.01.1999)

(Collection Charles Storoni)

Annekdot 

Den Const war zu Péiteng an der Seniorie St. Joseph wo hien an den Zemmeren ennert dem Numm Fond de Gras 2020 gestuerwen ass. 


Filmarbeschten