Annette Bour - Kënschtlerin

Email: bourannette68@gmail.com

 

Jahrgang 1968.

Wohnort und Atelier in Lamadelaine.

Erste Einblicke in die Welt der Kunst während meiner Jugend, mein Vater ist seit vielen Jahren Aquarellmaler (Roger Bour - siehe unten).

In den 90er Jahren erste eigene Erfahrungen in Acrylmalerei. Es folgte eine lange Reihe von Versuchen mit anderen Medien in der Kunst, wie z.B. Collagen und Mischtechniken, Keramikarbeiten, usw. und schliesslich die Entdeckung der Mosaikkunst.

Eigentlich sollte es bei einem Versuch bleiben, doch bereits beim ersten Kontakt mit der unermesslichen Vielfalt an Farbgläsern stand für mich fest, dass ich mich fortan ausschliesslich dem Glashandwerk und ganz besonders der Mosaikkunst widmen würde. Nebenbei bin ich auch eine grosse Liebhaberin der altrömischen Geschichte, also schien es auf der Hand zu liegen, dass ab diesem Zeitpunkt (Anfang 2000) Mosaikarbeiten in meinem Leben eine grosse Rolle spielen sollten.

Dieser zukunftsweisende Entschluss führte zu einer ganzen Reihe von Experimenten bezüglich des Mosaikhandwerkes. Auf mich alleine gestellt, musste ich jedoch schnell feststellen, dass mangels Erfahrung meine frühen Werke nicht über ein bescheidenes Niveau hinausgingen. Professionelle Hilfe musste her.

Also besuchte ich ein Seminar in London, geführt von der weltweit  aner-kannten britischen Mosaikkünstlerin Elaine M. Goodwin. Dies erwies sich als absolut gewinnbringend, in der Folgezeit drängte sich eine Phase  andauern-den Schaffens auf. Die Erfahrung kam in all den Jahren von selbst.

Erste eigene Ausstellung in Esch/Alzette, es folgte eine Vielzahl weiterer Ausstellungen in Luxemburg, Belgien, Frankreich und Deutschland, wie auch in London und in Wien.

Meine Arbeiten bestehen zu größtem Teil aus farbigem und selbst zurecht geschnittenem Farbglas, gerne benutze ich auch Blattgold sowie Spiegel- und Keramikfragmente.

So versuche ich, beim Schaffen von Mosaikbildern verschiedene Stil-richtungen zu begehen, wie z.B. abstrakte und figurative Darstellungen, Landschaften, hin und wieder altertümlich (altrömisch) angehauchte Mosaiken, aber auch Gegenstände wie z.B. Tischplatten.

Ein Thema, das sich mir (als Luxemburgerin) geradezu aufdrängt, sind die Ansichten historischer, architektonischer Landschaften, über die das Luxemburger Land bekanntlich in grosser Anzahl verfügt.

 

Alles in allem lege ich grossen Wert darauf, diese an sich doch sehr alte Technik des Kunsthandwerkes auf meine eigene Weise darzustellen, eine Hommage an die Esthetik allen Seins.



Roger Bour - Moler, Hobby-Historiker, Auteur, a fréiere Liichtathlet

Gebuer 27.11.1942 zu Péiténg, Bestuëd  mam Thilly Schreiber vu Rodange. Mär wunnen zënter 1970 zu Rolléng. Eis 2 Jongen Claude a Laurent, meng 3 Enkelen Ian, Alex a Noé

Zesummen mat mengem Kolleg "Bëschof" hun ech heiandsdo d'Duërf op d'Kopp gestallt.

Hun 43 Joer laang beim CFL geschafft (1957-1.1.2000)

Meng Sports-Carrière: Vun 1969-1980 Liichtathletik. Letzebuerger Rekordhalter am Kugelstoussen (vun 1973 bis 2008)

5 Mol letzebuërger Champion (Le Coq Neiduërf) am Gewiichthiewen (Stemmen). Pedaléiren haut nach e bëssen mam Velo.

Kulturelles: Molerei (Fusains a Aquarellen, Wandmolereien, Post-Timbren asw) ass fir de Moment nach nët ofgeschloss!

Auteur vun historeschen Bicher a Brochuren, Letz. Festungsgeschicht, Landes- Regional- Industriegeschicht, Biographien

Spillen a menger Fräizäit, Musék, mat vill Witz an Entertainments.

     Vläicht geet et nach e gudde Strapp esou weider, wie wees?

Publicationen vum Rosch

  • Bour, Roger, 2011. Stadt und Festung Luxemburg. Von Bauten, Brücken und Bastionen. Ein historisches ABC. Dréckerei Heintz, Péiteng. ISBN 978-2-9599846-4-8 (Ounu Publikatiounsjoer am Impressum).
  • Bour, Roger, 2011. Les sentinelles de l'histoire: le tour de Luxembourg des châteaux en aquarelle: 72 châteaux forts, châteaux, manoirs et gentilhommières, Imprimerie Heintz (Pétange), ISBN = 978-2-9599846-1-7
  • Bour, Roger, 2003. Ombres brûlées: métamorphoses et transition urbaines de la ville de Luxembourg en rétrospective, Imprimerie Saint-Paul, ISBN = 2-9599846-0-9
  • Bour, Roger, 2000. Portraits: Wer ist Wer in Luxemburg? 500 bedeutende Persönlichkeiten aus 1500 Jahren Geschichte, Politik, Wissenschaft, Kunst, Literatur, Musik, Sport usw, Dréckerei: Editions Saint-Paul, Lëtzebuerg.
  • Bour, Roger, 1992. Stadt und Festung Luxemburg von A-Z, Éd. Saint-Paul, ISBN = 2-87963-145-9
  • Bour, Roger, 1982 an 1983. Taschenführer durch die Burgen und Schlösser in Luxemburg, Band 1 an 2, Sankt Paulus Druckerei
  • Bour, Roger, 1986. Luxemburgisches in Lothringen, Ardennen und Eifel - Ein kunsthistorischer Streifzug durch die Burgenbauten altluxemburgischer Grenzlande, Éditpress

Kuckt och Kuelebiller iwert Rolléng ennert Duerf oder einfach heierop klicken.


Marcel Ernzer

Marcel Ernzer (* 22. März 1926 in Esch-sur-Alzette; † 1. April 2003 in Luxemburg) war ein luxemburgischer Radrennfahrer.

1948 startete Marcel Ernzer bei den Olympischen Spielen in London im Straßenrennen, das er aber nicht beendete. Im Jahr darauf trat er zu den Profis über, wurde nationaler Meister im Straßenrennen der Unabhängigen, Dritter der Luxemburg-Rundfahrt sowie Dritter der Tour de Suisse.

In den folgenden Jahren bis zum Ende seiner Profikarriere im Jahre 1962 wurde Ernzer dreimal luxemburgischer Straßenmeister; 1951 und 1962 gewann er die Luxemburg-Rundfahrt und 1954 den Klassiker Lüttich–Bastogne–Lüttich. 1953 sowie 1957 belegte er jeweils den zehnten Platz bei UCI-Straßen-Weltmeisterschaften. Neunmal fuhr Marcel Ernzer die Tour de France, ab Mitte der 1950er als wertvoller Helfer seines Landsmannes Charly Gaul. Nach einem schweren Sturz bei der Tour de France 1962 musste er seine Radsport-Laufbahn beenden.


MARCEL ERNZER (1926-2003).

- een Noruf vum Roger Bour -

Als "Gentleman vum lëtzebuerger Radsport", sou koum hien an der Sportpress eriwwer, a jiddereen vun deenen eelere Semesteren vun eis déi hien nach perséinlech kannt hun, konnt dat confirméieren! Frëndschaft, Gentillesse a Bescheidenheet si stéits am Haus Ernzer an der Lëtzebuerger Strooss groussgeschriwwe gin, ech hun dat selwer ëmmer materliewt. D'Haus a menger Noperschaft steet säit sengem Doud am Joer 2003 eidel, d'Erënnerungn un e gudde Mënsch bleiwen.

Zesumme mat deenen ale Velo-"Cracks" aus de 50er a 60er Joren, dem Bim Diederich, Goldschmit's Jang, Kirchen's Jäng, dem Gaul's Charel, dem Schmitz'e Jempy, dem Kemp'e Willy, dem Lull Gillen, dem Aldo Bolzan an all deenen aaneren, huët de Mars d'Szeen vum internationalen Cyclissem, gehollef ze prägen. Säit 1949 Profi-Coureur am franséische Groupe TERROT (eigentlech "Semi-Professionnel", well seng gudd Fan's aus der Direktioun vun der Rodanger Schmelz hien dee Wanter iwwer am Betrieb beschäftegt hun), konnt hien e Palmarès vu Klasse-Resultater virweisen, déi him och am deemolegen internationalen Radsportzirkus, Respekt verschaaft hun, ënner aanerem a grousse Klassiken, am Tour de France, de Suisse, de  Belgique, de Luxembourg, dem Giro d'Italia..............de Claude huët en Deel vu sengem Palmarès  a sengem Artikel virdrun scho kuurz beschriwwen. Säin gréisste Coup war sonnerzweifel seng Victoire 1954 an der belscher Classique Léck-Baschtnech-Léck, sie soen, dat wir souzesoen "d'Mamm vun alle Klassiken". En etlech Mol war hien Champion de Luxembourg bei de Prof-Coureuren (1953-54 a 55) och dat huët deemols schon eppes geheescht.

Nodeem dass hien scho 1955 déi aussergewéinlech sportlech Qualitéiten  vun engem Charly Gaul kennen a genau richteg aschätze geléiert hat, huët de Mars quasi kompromësslos, eisem letzebuerger Super-Grimpeur, zur Säit gestaanen. Déi zwee sin deemols scho bal eng Art Carrière-Symbios agaangen, déi fir déi folgend 7 Joer déi wuël zwee bescht lëtzebueger Coureuren durch Himmel an Hell vum Profi-Cyclissem gefouert huët. ..........bis zur Chute vum Mars am T.D.F 1962, an der Descente vum Col de Peyresourde. Dem Marcel seng aktiv Profi-Carrière gouf dobäi schlussendlech opgrond vun engem liewesgeféierlechen schwéiren Kapptrauma, brutal ënnerbrach, e puër Joren wiere secherlech nach dra gewiescht!

Zäitliewens blouw déi aussergewéinlech Sportler-Frëndschaft mam Charel a mam Aldo welder bestoen, ech selwer hun déi al Cracken en etlech Mol materliewt, hire säftege Memoiren a Souveniren nogelauschtert, fir mech war et all Kéier e Genoss!

De Mars ass, esou lang wéi hie konnt, der "Petite Reine" trei bliwwen, seng Profi-Maschinn hat hien, och am Alter nach, de normale Stroossebedingungen, verkéiersgerecht, ugepasst.

Ech well mäi bescheidenen Hommage un de Marcel Ernzer ofschléissen mat enger klenger Anekdot, déi ech selwer mat him erliewt hun: Ech war an de 70er Joren e relativ gudd durchtrainéierten Athlet, deen och en etlech Velos-Kilometer an de Been hat, hun mäi grousse Frënd a Noper, de Mars eerausgefuërdert fir hien um Velo  e bëssen ze "këdelen". "Dann hal dech emol un" sot hien-deemols scho wäit an déi foffzeg-an huët mech am Biergop ouni Problem lachéiert a regelrecht geschluëcht, et war bal fir sech ze schummen. Doheem hu mer dunn allen zwee gudd driwwer gelaacht!

Mat sengem Doud am Alter vun 77 Joer huët de Marcel definitiv säi Velo "un de Nool gehaangen", secherlech e ganz groussen RODANGE-ROLLENGER!

Roger Bour


Armand Ewert - Artist

Ewert Armand  Sculpture,Peinture
Gebuer 16.3.1925 zu Mézières (FR.) Gestuerwen den 07.07.2003.
Etüden : Académie abc zu Parais an Académie des beaux-arts zu München
An sengen Skulpturen huet hén  virun am Holz geschafft. Séin Haaptsujet war de Mineur, Bergmänner aus Eechen-, Lannen- an afrikanescht Hartholz, geschnetzt. Hén ass och den Auteur vum Monument “Fir eis Biergleit”  (Bronze op Minetts-Steen) virum Centre de Loisirs zu Lamadelaine.
Molereien: Haaptsächlech zäitgenössisch (modern) Konscht an Uëleg, Dräidimensional Kompositiounen op Toile, wou hien virun allem erkaalten Stoolgoss-Spritzer aus dem Konverter vu Rodange, fuërweg  op Toilen, verschafft huët. Seng, meeschtens abstrakt Molereien, sin an der Regel an Uëleg, resp Acrylic



Christiane Felten - Molerin

 

 

Vuen vun Rolléng

 

weideres op

 

 

http://www.facebook.com/pages/Christiane-Felten/26565590347

Joergang 1959



Johny Gaub 1927 - 1984

Vor Jahresfrist 1984 starb unerwartet Johny Gaub, der zeitlebens ein be­geisterter Naturfreund war. So war es nicht verwunderlich, daß er zu den Gründungsmitgliedern des In­teressenvereins Lamadelaine (frü­her „Amis du Titelberg“) und des „Hobby ’81“ gehörte.

Da Johny Gaub maßgeblich an der Planung sowie an der Instand­setzung und der Instandhaltung des Wanderweges über den Titelberg und den Prinzenberg sowie an dem Fitness-Parcours beteiligt war,be­schlossen die Mitglieder der beiden Vereine, das Andenken ihres Mitar­beiters durch das Errichten eine Ge­denkplatte wachzuhalten. Als Standort wählten sie die Mulde hin­ter der „Muttergottesknippchen“, an der die beiden Wanderpfade vor­beiführen.

Auf einem Minettestein, der aus dem „Schlammebierg“ bei Lamade­laine stammt, wurde eine Bronze­platte mit folgender Inschrift ange­bracht: „Johny Gaub, Naturfrënd, 1927-1984“. Der Gemeindegärtner besorgte das Anpflanzen von Blu­men.

 

Der Einweihung, die am vergan­genen Samstag stattfand, wohnten die Schöffen Marcel Knauf und Jos. Moscardo, der frühere Direktor der MMRA, Jean-Baptiste Gillardin, der Kommandant der lokalen Feuer­wehr, Julien Bettendorff, die Mit­glieder der beiden obenerwähnten Vereine sowie Madame Margot Gaub mit Familienangehörigen bei.

 

 

In seiner Begrüßungsansprache betonte Fernand Weimischkirch, Präsident des Interessenvereins, daß sein Freund Johny dieses Erin­nerungsmal durch sein rastloses Be­mühen um die Wanderwege redlich verdient habe.

Beim Ehrenwein im Freizeitzen­trum unterstrich Fernand Wei­mischkirch die gute Zusammenar­beit zwischen den beiden Vereinen und der Gemeindeverwaltung. Als­dann dankte er Direktor Gillardin, durch dessen Vermittlung die Platte in der Fonderie hergestellt wurde, sowie der Feuerwehr für ihre wert­volle Mitarbeit.

Schöffe Marcel Knauf begrüßte die Idee, Johny Gaub für sein unei­gennütziges Schaffen durch die Er­richtung eines Denkmals zu ehren.



Jean-Marie Halsdorf

geboren 1. Februar 1957 in Luxemburg)ist ein luxemburgischer Politiker.

Nach seiner Schulzeit in Echternach studierte Halsdorf in Strassburg Pharmazie. Halsdorf wurde Mitglied der konservativen Partei Christlich Soziale Volkspartei. 1988 errang er ein Mandat im Stadtrat von Petingen, dessen Bürgermeister er bis zum Wechsel in die Regierung von 2000 bis 2004 war. 1994 wurde er zudem als Abgeordneter in das Parlament von Luxemburg gewählt.

Von 2004 bis 2013 war Halsdorf Innen- und Verteidigungsminister in Luxemburg.

Ehrungen

  • 1999: Offizier des Verdienstordens des Grossherzogtums Luxemburg
  • 2004: Offizier des Ordens der Eichenkrone
  • 2005: Großkreuz des Ordens des Infanten Dom Henrique
  • 2012: Offizier der Ehrenlegion

 

Quelle: Wikipedia



Marie Kappweiler - Molerin - Kenschtlerin

 

1965 geboren, aufgewachsen in Lamadelaine

Abschluss in Grafik und Malerei

1986 Umzug nach Esch/Alzette

Seit 2002 in Wien

Seit 2005 selbstständige Grafikerin und Künstlerin

 

Spannende Jahre erlebte ich im Zeitungs- und Verlagswesen, Jahre die meine Liebe zur Typografie und experimentellen Kalligrafie festigten und oft im meinen Arbeiten durchscheinen. Stahl und Eisen, der metallische Geruch, Klänge und Farben der Stahlindustrie, Sirenen die Schichtanfang, Pause und Schichtende verkünden – Erinnerungen die unauslöschlich mit mir verbunden bleiben (s. „Schichtwechsel“).


Meine Malerei ist bildnerisches Gestalten mit Farbe als Ausdruck einer inneren,persönlichen Sprache. Die Farben, vornehmlich Acryl, hochwertige Pigmente und Tuschen, werden mit traditionell oder mit bloßen Händen aufgebracht. In schnelleren und langsameren Zwischenetappen aufgesetzte Schichten überlagern einander, werden teilweise wieder abgewischt, abgekratzt oder abgesprüht und erlauben so Einblicke in unterschiedliche Tiefen. In der Farbwahl dominieren kraftvolle, intensive Farben. Sie fangen das Augenmerk der Betrachter*Innen und führen den Blick in das Bild. Kontraste, ob nun in Farbe oder Struktur, das Widerspiel von Licht und Schatten oder die Opposition von Hell und Dunkel, gliedern die Malerei.

 

 

Das Spiel mit künstlerischen Effekten wie der Oxidation oder der Fließfarbe (s. „Fantasie“) setzt eigene Aspekte. In ihr begegnen sich Präzision in der Technik und Spontaneität in der Veränderung von Metallen und gesammelten Materialien. (s. „Angeschwemmt“) Der Gedanke an die Schwingungsbilder (Schwingung in Bewegung oder Klang, (s. Schwingungen I und II ) ist noch präsent und entwickelt sich weiter. Selbstgeschliffene Mondsteine kontrastieren mit Eisenoxidation auf grobem Leinen. (s. „Équilibre“). Die Farbigkeit kann auch aus Fäden bestehen, ob direkt eingearbeitet in die Leinwand (s. „Lebenslinien“) oder genähtauf Zeitungspapier oder auf Buchseiten, gelegentlich auch mal in Kakao getaucht (s. „Das Schokoladenmädchen“). Im Hintergrund der Bilder steht die Konfrontation mit selbst Erfahrenem und Erdachtem. Texte, insbesondere Lyrik, und Musik fließen gestaltend ein und spiegeln sich in der

Ausführung.

 

Einzelausstellung:

2020 (März – August), Rathaus Schwechat, Niederösterreich

 

Gruppenausstellungen:

2019 Wiener Hilfswerk

2019 Atelier Moldovan, Wien

2019 Showroom 51, Wien

2018 Schloss Rothmühle, Niederösterreich

2017 Atelier Moldovan, Wien

2014 Rannersdorfer Ateliertage, Niederösterreich


Marcel Klein

Direkter vun der Providence an den 60ziger

& Freizeitartist

 

Ufangs den 60ziger hat den Marcel zu Péiteng eng Linogravure Ausstellung mat Minièresmotiven. Dest Bild huet mein Papp - Arend Pierre - demols fier 200 Frang kaaft. Et hängt nach haut bei maer doheem.

 

Claude Arend

 

 

 

http://industrie.lu/providencemines.html



René Klein

 

Eelsten Jong vum Marcel Klein.

René Klein Joergang 1945 - Professeur honorair

Unerkannten Spezialist a Sachen "Mëttelalterlecht Lëtzebuerg"

Präsident vun der Commission Héraldique Luxembourg.

Auteur vun Bicher, Artikelen historischer Art, Member vun de Geschichtsfrënn Gemeng Péiteng, Heemechtsfuërscher.

 

Dem René verdanke mär vill Artikeln dei ech op deser Webseit mat sengem Accord publizeiert hun.



Leger Susy - Kenschlerin - Molerin

Vernissage 2020
Vernissage 2020

1953 zu Péiteng gebuer.

 

Zu Rolleng grouss ginn - e richtege Minettsdapp.

 

Schonns als Jugendlechen hun ech gären gemoolt an Perspektiven hu mech nach ëmmer begeeschtert.

 

D'Faszinatioun déi vun der Architektur vun alen oder och neien Gebaier ausgeet ass fir mech flott fir dat ze molen.

 

Ech hunn dës Kéier Motiver vun der Staat Lëtzebuerg  an vum Belval ausgewielt.

 

D'Biller sinn haaptsächlech mat Acryl Faarf gemoolt, oder mat faarweger Tusch si sinn deelweis glat an anerer si mat Strukturpaste hannerluet. Ech schaffen meeschtens fir d' Faarf opzedroen mat enger Spachtel deelweis och Pinsel.

 

Vum August 2006 bis 2010  hat ech eng Ausbildung  an verschiddenen Techniken an der Molschoul vum Izabela Butroni zu Sandweiler, an duerno zu Mettlach wo d’Izabela  bis haut mäin Molen begleet.

 

Ausstellungen:

August 2006 an 2007 zu Esch-Sauer an der Galerie Godfroid

August September 2008 beim Kaempf Kohler zu Niederanven

Februar 2009 eng éischte Ausstellung a Rousen zu Péiteng

November 2010 an der Galerie d’Esch

Juli 2011 erëm beim Kaempf Kohler

2012 hat ech meng Biller am Restaurant Champs des Roses zu Rodange ausgestallt

Februar 2016 eng zweete Kéier A Rousen zu Péiteng

Februar 2020 erëm a Rousen zu Péiteng

 

D' Molen ass a bleift fir mech eng Leidenschaft déi ech mat vill Spaass a Léift maachen.




Edmée Lichtfus - Kenschlerin - Molerin

Née en 1951 à Pétange au Luxembourg, sous le signe du
cancer, j'ai eu depuis toujours un sens aigu de la beauté.
Depuis mon enfance mon chemin est guidé par un besoin d'harmonie,
vers un horizon éloigné, d'où mon désir d'expression se matérialise
peu à peu dans un art figuratif.Ma recherche perpétuelle de la perfection se concrétisait déjà
dans ma vie professionnelle. Comme conseillère de bijoux, j'ai réussie à faire partager ma passion pour l'art et mon sens du contact avec mes clients.
Sous l'influence d'un désir de liberté le caractère abstrait de mes tableaux s'accentue depuis les années 1994 à nos jours.
Comme l'or et les pierres précieuse m'ont inspirés depuis toujours j'ai eu l'idee de les intégrér dans mes toiles pour partager mon plaisir avec vous.
Chacune de mes oeuvres traduit une émotion précise faite de joie de vivre et d'énergie.
Grâce à un épanouissement personnel, on ressent la maturité de mes compositions.

Weider Détailler ennert:

http://www.edmee-lichtfus.lu/


Johann (Jean) Linden 07.12.1838 - 23.01.1901

De Johann (Jean) Linden gebuer de 7. Dezember 1838 zu Éinen, a gestuerwen den 23. Januar 1901 zu Péiteng bzw. Rolleng bei Péiteng, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Archeolog.

 

 

Säi Liewen

 

No der Normalschoul ass de Jean Linden Schoulmeeschter zu Lamadelaine ginn, wou hie bis un d'Enn vu sengem Liewe bliwwen ass. D'Numismatik an d'Archeologie hunn hie passionnéiert. Déi entspriechend Kenntnesser huet hie sech duerch d'Liesen, Studéieren a Fuersche selwer ugëeegent. Als Schoulmeeschter vu Rolleng, an der Noperschaft vum Tëtelbierg war hie gutt placéiert, fir deem Hobby nozegoen. Hien hat eng vun de gréisste lëtzebuergesche Sammlunge vu kelteschen a réimesche Mënzen, déi hie selwer ausgegruewen hat.


Hien huet sech och mat der Erfuerschung vun de Flouernimm ofginn, an doriwwer an iwwer historesch Sujeten am “Luxemburger Land” geschriwwen; donieft huet hie Lëtzebuerger Seeërcher gesammelt, déi am Nicolas Gredt sengem “Sagenschatz” ze fanne sinn (16 Stéck)].

De Linden war “membre correspondant” vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal. De gréissten Deel vu senge Schrëften huet hien ënner dem Pseudonym “Der Eremit vom Titelberg” publizéiert.

Hie war den Neveu vum Deche Jean Linden.


Nicolas "René" Marchetti 1920 - 2010

Gebuër zu Rolléng de 17. Juli 1920 am Café (Haut Restaurant Chinois) am Duërf.1946/48 en excellenten letzebuërger Football-Internationalen aus der Marchetti's-Dynastie.11 mol an d'Nationaléquipe sélectionéiert Ass mat sengen zwee Bridder Roger a Francis  an der "Chiers Rodange" opgewuës, well et deemols den F.C Titus nach net gouf! Vun 1951 bis 55 huët hien am Back am F.C Progrès Nidderkuër gespillt, vu 1955-60 als Spillertrainer am C.S Péiténg. De René muss e Klassespiller gewiéscht sin, Offerten vum F.C.Metz, F.C.Nancy an esouguër vum ARSENAL London huët hien ausgeschloen an ass sénger Chiers resp. sengem Progrès trei bliwwen. Nom Krich huët hien bei der Air Liquide an der Rodanger Schmelz, spéider op der Hadir Déifferdéng geschafft. Huët zu Lamadelaine gewunnt säit de 60er Joren, a sengem Haus an der Rue du Vieux Moulin.

Ech selwer hun hien scho kannt, säit hien säit de 1950er an der Lonkécher Strooss zu Péiteng, zesumme mat senger Fra, e klenge Café bedriwwen huët.

De René ass als een vun deene grousse Resistenzler an d'letzbuerger Geschicht agaangen. Enrolé de force vun der preisescher Wehrmacht am Joer 1943, ass et him gelongen, sech bei engem "Erholungs-Urlaub" am Januar 1944, zesumme mat 3 aner letzebuerger Refraktären ofzesetzen, an d'Forêt d' Anlier an der belscher Province de Luxembourg. Do huët hien e Resistenz-Grupp gegrënnt, am Kader vun der soug. "Armée Blanche", wou hien als Chef 84 aner Letzebuërger Refraktären, 5 russisch Krichsgefaangener, 4 Kanadier, e Groupe Fransousen a Belsch an en etlech amerikanisch Flieger, kommandéiert huët.

De Maquisards-Groupe "Les Insoumis", baséiert zu Chenet (Forêt d'Anlier) gouf priodesch ravitailléert mat Waffen an Sprengstoff, awer och Iesswuëren an Zigretten, meeschtens per Fallschierm. D'Maquisards hu mat Sabotage u preiseschen, strategisch wichtegen Installatiounen, wéi Sprengen vun Eisebunnsgleiser, Brécken, Stroossen, Gebaier, Ravitaillements-Zich asw, d'Preisen regelrecht "schäisse" gedoen, sou dass zwee mol, am Februar an nach am spéiden August 1944 (also nach kurz vrun der Liberatioun), d'SS de Camp zu Chenet attackéiert huët. De ganze Groupe vun den "Insoumis" konnt sech dobäi, zwar mat e puër uërg Blesséierten, lieweg ofsetzen, en etlech Preisen hu missen "dru gleewen"!

Hien huët mär erzielt vun zwee belsche Collaborateuren, déi de Maqius'en an d'Netz gongen, dass déi Kuurzerhand als Verréider um belschen a lëtzebuërger Vollék, zum Doud condamnéiert an exekutéiert goufen, Aktiounen, déi nom Krich vun engem belschen Tribunal nodréiglech absolut legaliséiert gi sin! No der Liberatioun war hien e richtege Nazi-Jéer, d.h. en huët aktiv matgehollef, letzebuerger Matleefer, Collaborateuren a Krichsverbriercher opzedreiwen, deenen et bis dohin gegléckt war, ongeschuëren virun der Justiz dervun ze kommen.

De René - ech woust emol guër net, dass säin eigentleche Numm Nicolas war- war zäitliewens Member vun enger Partie vun internationalen, belschen a letzebuerger Resistenz-Organisatiounen, Titulaire vum Ordre de Guerre Luxembourgeois, vun der belscher Médaille de Guerre 1940-45 avec sabres croisés an aner Décoratiounen.

Ech hun de René, bis a säin héigen Alter eran begéint, bis wäit an déi 80 eran huët hien säi Goart, gläich niewent dem Trottoir, virbildlech gepflegt. Seng Zaloten stungen wéi Zaldoten! Dee sympathischen eeleren Här war ëmmer gudd drop a mir zwee hun dann oft iwwer alles discutéiert, Sport, Politik a, wann et him dono war, séng Aventuren an der Armée Blanche, am Krich. 

Jiddereen, deen hie kannt huët, wees secherlech, dass hien e Super-Footballist war, déi manst vun eis awer wëssen vu séngen Aktivitéiten als  belsch/lëtzebuerger Resistenzler am 2. Weltkrich. Gudd, dass et deemols esou Leit gouf!

Quellen: Aimé Knepper: Les réfractaires dans les bunkers, Wikipedia, Infos Robert Mergen, Famill Marchetti.

Roger Bour



Pierre Melina

Geboren 25. Februar 1957 in Petingenluxemburgischer Politiker (CSV) und ehemaliger Leichtathlet.

Pierre Mellina ist der Bruder von Mathis Mellina († 6. September 2019). Beide waren als Leichtathleten Ende der 1970er bzw. Anfang der 1980er Jahre erfolgreich.

 

1991 wurde er Mitglied der Chrëschtlech Sozial Vollekspartei (Christliche Sozialpartei), CSV. Er war von 1994 bis 1999 Mitglied des Peitenger Gemeinderat, von 2000 bis 2004 Schöffe und ist seit 2004 Bürgermeister von Petingen.

2013 war er für ein paar Monate, vom 14. Mai bis 7. Oktober, Mitglied in der Chambre des Députés.

Pierre Mellina wurde 2000 Mitglied des Vorstands des Gemeindesyndikats TICE (Transport intercommunal de personnes dans le canton d'Esch-sur-Alzette), welches den öffentlichen Verkehr vornehmlich im Kanton Esch an der Alzette sicherstellt. Seit 2004 ist er Mitglied bzw. Vorsitzender (2018) des Verwaltungsrates von CIGL Pétange. Von 2008 bis 2017 war er Vorstandsmitglied des CHEM (Centre hospitalier Émile-Mayrisch, für den Süden Luxemburgs zuständiges, öffentliches Spital, ansässig in Esch an der Alzette) und von 2010 bis 2013 Mitglied des Verwaltungsrates bzw. Vizepräsident von Syvicol (Syndicat des villes et communes luxembourgeoises, Verband der luxemburgischen Städte und Gemeinden). Seit seiner Gründung am 1. Juli 2018 ist er Mitglied des Verwaltungsrats des Großherzoglichen Feuerwehr- und Rettungskorps (CGDIS).

In den frühen 1980er Jahren war Pierre Mellina ein Langstreckenläufer, der die Luxemburger Meisterschaft (Lëtzebuerger Championnat) über 5000 Meter (1981, 1982) und über 10.000 Meter (1982) gewonnen hat.

1981 gewann er den Eurocross in Diekirch.

Quelle: Wikipedia



André Mergenthaler

oder wei maer en och kennen - Mergen's Änder

 

Joergang 1957

 

 

Facebook: https://www.facebook.com/andre.mergenthaler.cellist/

André Mergenthaler in Concert

 

op Youtube

https://www.youtube.com/watch?v=71Rvtd9Me04

 

Op Wikipedia

 

https://lb.wikipedia.org/wiki/Andr%C3%A9_Mergenthaler


Den André Mergenthaler, Chevalier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2013)

Eigentlech André Mergen, gebuer de 17. Februar 1957 zu Péiteng,ass e lëtzebuergesche Museker a Komponist.

Hien huet Klarinett an der Rodanger Musek an an der Péitenger Museksschoul geléiert. No enger kuerzer Zäit huet hien ëmgesuedelt op Saxophon. Seng Léier huet hien dunn op de Conservatoire vun Esch-Uelzecht, Metz a Paräis gefouert. Am "European Youth Orchestra" huet hien och eng Zäit als Jugendleche gespillt, an éischt Erfarungen an der klassescher Musek gesammelt. Duerno koume véier Joer op der Hochschule für Musik Köln, wou hien Cello studéiert huet.

Aacht Joer laang war den André Mergenthaler bei der Grupp Art Zoyd. Mat hinnen ass hien an Europa, den USA an den Ostblocklänner opgetrueden. Nodeem hien nees a sengem Heemechtsland war, ass e meeschtens als Solist um Cello opgetrueden, an ass aktive Member vun der Museksgrupp Brigade d'intervention musicale.

2002 huet hien den Nosferatu vum Friedrich Wilhelm Murnau an der Cinémathèque live um elektresch-verstärkten Cello vertount. Och fir d'Filmer Voyage (1987, Regie: Marie-Hélène Massin), Der Mensch mit den modernen Nerven (1988, Regie: Bady Minck), Hochzäitsnuecht 1991, Regie: Pol Cruchten), Mécanomagie (1996, Regie: Bady Minck), huet hien d'Musek komponéiert.

Am Film Dammentour hat hien eng kleng Roll.

Am Joer 2004 ass hie beim Rock um Knuedler opgetrueden.

Bei der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis war hien an der Kategorie "Bescht kënschtleresch Kontributioun" fir seng Musek fir de Film Fieber nominéiert.

 

Discographie

·        1989, The end of the end (MC)

·        1993, Musik für einen Engel (CD)

·        1999, Mergenthaler Divertimento pour 22 solistes

·        2004, Jubilations (CD)

 

 

Quelle: Wikipedia & Claude Arend (Schoulkolleg vum Änder)


André Stull

Hei eng Feldpostkaart vum Zaldot Stull Änder aus der Ukraine un Famill Bettinger aus der demoleger "Adolf-Hitlerstrasse" - haut Av. de la Gare - mam Poststempel vum 16.08.1943.

Gebueren 11.08.1924 zu Rodange

Gestuerwen den 08.12.2002 zu Niederkuer

Den Änder huet mat senger Fra a sengen 3 Kanner (1 Meedchen an 2 Bouwen) an der Garerstross gewunt. Hien war Schmelzarbechter an der Métallurgique et Minière de Rodange-Athus (MMRA).

A sengem Buch "Mit 19 will man noch nicht sterben" beschreift hien seng Erennerungen aus senger Zeit als Zwangsrekruteierten an der däitscher Wehrmacht. Hien schreift iwert sein Asatz un der Ostfront an dem schweieren Neiufank durch eng schweier Verwondung an dauerhaft Behennerung vun engem jonken Mensch nom Zereckkommen a seng Héimecht.

Download
Stull André - Lëtzeburger Autorenlexikon
Info iwert den Änder
Stull, André.pdf
Adobe Acrobat Dokument 101.1 KB


René Schmitz...de "Bëschof"

Den "Bëschof"

Eng Erennerung, un e groussartege Mensch...e gudde Frend,... dén esou vill fier Rolleng gemaach huet. ..Beschoof...du bleiws de Rollenger ömmer an Erennerung.