Webmaster


Während der Webarbescht lauschteren ech meng Lieblingsgruppen aus den 60 an 70ziger Joeren : Pink Floyd - Led Zeppelein - Status Quo - Black Sabbath - Deep Purple - Uriah Heep - Eric Clapton - Eagles - T.Rex - Slade....

Mein Numm ass

 

Arend Claude

 

ech sin am November 1956 zu Péiteng op Welt komm. Meng Elteren sin/waren den Arend Pierre (Pierchen) vun Rodange an Faber Mathilde vun Rolleng.

Vun 1962 bis 1969 sich ech zu Rolléng an Schoul gangen a war och do Messdinger.

Wei 1968 Musek gegrennt gin ass sin ech zu Péiteng an den Solfège gangen an sollt do Trompett leieren.

Dorauser ass awer neischt gin well ech an Internat op Clairefontaine gange sin. Do sin ech 2 Joer an Schoul gangen. Duerno sin ech op Esch an den Jongelycée gangen.

1971 war ech also zereck zu Rolléng. Wei do mein gudden Frend Schaul Marcel op Idee koum fier eng reng Trommel-Clique ze grennen war ech direkt derbei.

Enn 1973 hun ech mech decidéiert fier an Armée ze goen well ech wollt Polizist gin.

Alt nees war et eriwer mat Musek an Trommelen oder Batterie, respektiv ech koum nemmen spontan derzou, well och Armei dei Zeit keen esou seier erausgoen geloos huet.

An denen Joren hun ech och bei den Scolairen a Junioren am F.C. Titus als riets Band oder speider als Stopper gespillt. Ech krut nie eng giel an ni eng rot Kaard ausser an engem Spill wo ech dei zwo direkt beieneen krut...den Arbiter hat mein Numm net verstanen a wei ech him en do buchstabeiert hun ass et giel-rot gin. Naja...

Sylvester 73/74 hun ech do meng Fra Mariette B. vu Péiteng  kenne geleiert an den 7 Januar 1974 sin ech an Armei als Freiwellegen fier 3 Joer agezunn gin. Nodems ech Polizeischoul 1977 gepackt hat sin ech als Polizist an der Stadt ugestallt gin.

Am September 1978 hun ech do Mariette zu Péiteng bestued a mär sin aus berufleche Grënn op den Howald geplennert wo Mariette och geschaft huet.

1979 kruete mer do eist Jessica an 1982 eisen Christian.

1982 hu maer zu Alzeng gebaut an do wunnen ech mat menger Sylvesterleift bis haut - emmerhin dest Joer (2018) 40 Joer.

Vun 1977 bis 1980 war ech Polizist an der Stadt, duerno sin ech vun 1980 bis 1988 zu Hesper Polizist gewirscht. Vun 1988 bis 1990 war ech do op dem beschtbekannten R.I.F.O. a vun 1990 bis 2012 hun ech um Interpol an Europol Messageriebureau vun Letzebuerg geschafft.

Am Juni 2012 hun ech do Pensioun geholl.


Den Webmaster bei der Arbescht