Mirador

 

Quellen:         Archiv des Interessevereins   - Broschüre der 25ten Jubiläumsfeier des Vereins - 2009 & Internet

Fotos    :         Interesseveräin - Pierre F. - Roby F. - Service des relations publiques vun der Gemeng Péiteng - Roby Hentzig - Jeannot Rossato & Internet




Vorgeschichte

De Rollenger Mirador

Virgeschicht a Kommentar

 

Den 31. März 1998 stung am Lëtzebuerger Wort ze liesen, dass den Interesseveräin Lamadelaine plangt ee Mirador opzeriichten. D’Muttergottesknippchen hat laang Joren dës Roll könne spillen, huet sech awer misse geschloe ginn.

 

Jo, d’Muttergottesknippchen war bis wäit an d'80er Joren era wierklech ee formidablen Aussichtspunkt. Stonnelaang könnt een do uewen op der Bänk sëtzen an dem Dreiwen ënnen am Duerf nokucken.

 

Awer an deene leschte Joren ass alles esou séier gewuess, an ouni datt ee reagéiere könnt, war déi ganz Vue wéinst héigen Hecken a Beem fort. Dee schéinsten Aussichtspunkt vun der Gemeng - op der topografëscher Kaart als ,point de vue’ agezeechent - ass et net méi ginn. Dat huet der vill gestéiert, mee keen huet eppes dogéint ënnerholl. Och eis Muttergottesstatu war op eemol net méi ze gesinn.

 

Mam Bau vun engem Mirador, op deem klenge Plateau (356,8 Meter iwwert dem Mieresspigel), zwee bis dräi Meter méi héich wéi d’Muttergottesknippche selwer, sollen déi vill Wanderer nees erof op eis Gemeng an iwwerd’Grenzen eraus kucke können. Do wou d’Pompjeeën fréier hir Buerg gebrannt hunn, e bësse méi no Westen op de Bord vum Talus, do sollt den Tuerm stoe kommen.

 

Datt et och sollt eng kleng touristesch Attraktioun ginn, also kee banalen Tuerm, war selbstverständlech. An datt Kritik un der Konzeptioun a Polemik ëm dat Ganzt ging entstoën, war och ze erwaarden. Mee wat ass haut schon net onëmstridden.

 

Et war awer alles méi séier gesot wéi gemaach. Do hu sech natierlech ganz vill Froe gestallt: wéi soll en ausgesinn, aus wat vir engem Material soll e sinn. Wéi ass et mat de Geneemegungen, wat seet d’Gemeng dozou, wéi kritt een dat bezuelt, asw.

 

Deemools huet sech d'Carmen Mentz, zu där Zäit Architekturstudentin, bereet erkläert fir eng Hand mat unzepaken an e Projet op d'Blat ze kréien. E puer Propositioune huet hatt gemaach.

 

Den Tuerm aus Holz, esou wéi en am Ufank geplangt war, ass séier fale gelooss ginn. D'Sécherheet vun de Benotzer huet hei eng wichteg Roll gespillt. An de Vandalismus och. D'Leit vum Interesseveräin wessen dovun e Liddchen ze sangen. Wéi oft hu si d’Grillplaaz - si luch um Bord vum Tëtelbierg - misse flécken.

 

Et luch also op der Hand. Et sollt ëppes Stabiles ginn, wat net esou séier kleng ze kréie wier. Aus Eisen a Stol, doriwwer wäre mer eis all eens. Hei uewen um Bierg an do ënnen am Dali gouf eise Räichtum produzéiert, um materiellen an um soziale Plang. Dorunner soll ee sech laang erënneren an den Tuerm soll dozou bäidroen.

 

Zu Rodange sinn an där Zäit Schinnen, Palplanchen a verschidden aner Spe­zialprofiler gewalzt ginn. Esou ee Profil ass benotzt gi fir an de Grouwen d'Plafongen ofzesécheren. Dee Profil - ZORES - ass och prospektéiert gi fir Sailen ze man. An deen huet et eis och ugedon, well no engem Besuch op der ARES, den 20. Abrëll 1999, wäre mer eis eens: dëse Profil, zu je dräi zesummegeschweesst, wier als Träger ideal.

 

Anzwëschen ass versicht ginn dem Tuerm seng Form festzeleeën. Op Grond vun etleche Skizzen a Pläng ass dunn dat eraus komm, wat haut do steet. Dat war am Mee 1999.

 

Den éischte Schratt war gemaach. Et huet ee jo misse gesinn wat ee gär hätt. Mee dat war nëmmen den Ufank, well du sinn nach bal aacht Joer vergaang bis e könnt den 22. Dezember 2007 ageweit ginn.

 

De nofolgende Réckbléck beweist, datt et guer net esou einfach war, dëst Zil ze erreechen. Och gouf et Leit, déi sech dogéint gewiert hunn. Duerfir ass et schon e klengt Wonner, datt de Mirador iwwerhaapt könnt opgeriicht ginn. Soe mer emol, d’Muttergottes muss dobäi matgehollef hunn. Si wollt net méi eleng do uewen um Bierg stoen. An och si huet hiert Zil erreecht.

 

Foto: Maquette aus Holz

 

--------------------------------------------------------------------------

Rückblick

 

Den 29. Oktober 1998 gung e Bréif un d'Péitenger Gemeng an deem de Projet virgestallt ginn ass. E provisoresche Plang luch derbäi.

 

An deem Bréif gouf och gesot, dass den Interesseveräin de Projet aus eegene Mëttel ging droen, mee do dernieft awer och betount, dass mat enger finanzieller Ënnerstëtzung vum Tourismusminister an eventuell och vun der Gemeng gerechent géng ginn.

 

De 15. Dezember huet d’ Gemeng en ,Avis favorable’ ausgestallt. Zu deem Zäitpunkt war ee sech net eens, ob den Ëmweltminister, de Buergermeeschter oder béid zoustänneg wieren, well de Site an enger ,Zone forestière' läit.

 

Den 8. Juni 1999 ass um Ministère de l’Environnement eng Baugeneemegung ugefrot ginn. Derbäi luchen déi bal definitiv Pläng vum Mirador.

 

Direkt koum een ,Accusé de réception’, an och gläich duerno huet eng Entrevue mat den Hären Jean-Claude Kirpach (Ëmweltministère) an Henri Eicher (Forstverwaltung) stattfonnt.

 

Den 10. November huet de Staatssekretär Eugène Berger gréng Luut ginn. De Projet war beim Staat duerch.

 

Kuerz drop, den 22. November, ass eng Baugeneemegung bäi der Gemeng ugefrot ginn. A well d'Gemeng Propriétär vum Terrain ass, wou de Mirador sollt stoe kommen, ass de 17. Januar 2000 gefrot gi fir eng Konventioun tëschent der Gemeng an dem Interesseveräin ofzeschléissen. Dora gouf festgehal, datt den Terrain dem Veräin gratis zur Verfügung gestallt gëtt. Dës Konventioun gouf den 29. Mee ënnerschriwwen an de 14. Juli vum Gemengerot geneemegt.

 

Hei en Auszoch aus dem Gemengerotsbericht:

Mise a la disposition, à ‘Interesseveräin Lamadelaine’, de terrains communaux pour l'implantation et l’exploitation d’un mirador à Lamadelaine, lieu-dit ‘Muttergottesknippchen' - approbation de la convention (explications par Mme Barnig-Tonhofer, échevin).

 

Stracks Arsène: Ech begréissen déi Iddi vum Interesseveräin Lamadelaine, an ech begréissen och, datt d’Gemeng dee néidegen Terrain zur Verfügung stellt fir deen Aussiichtstuurm opzeriichten. Dat gëtf bestëmmt eng tourisfesch Attractioun fir eis Gemeng. Ech well just froen, wien deen stolenen Tuurm opriicht? Ass dat den Interesseveräin selwer oder eng speziell Firma?

 

Barnig-Tonhofer Simone, échevin: Aus der Conventioun geet ervir, datt d’Gemeng guer näischt domadder ze dinn huet. Mir stelle just nëmmen den Terrain zur Verfügung, a fir d’Opriichten ass den Interesseveräin zoustänneg.

 

Linden Jeannot: Och eis Fraktioun begréisst d’Conventioun tëscht der Gemeng an dem Interesseveräin. Et ass och ze begréissen, datt d’Gemeng hinnen den Terrain zum symbolesche Frang zur Verfügung stellt.

 

De 24. Januar gëtt de Veräin gewuer wat d’Berechnung vun der Statik vun de Fondatiounen kascht: 85.000 LUF (2 107,09 €) + TVA.

 

Den 9. August läit deen alleréischten Devis vun den Anciens Ateliers Nie. Olinger SA vir: Käschtepunkt 1.670.000 LUF (41 398,21 €) + TVA.

 

Den 10. November gëtt eng Entrevue beim zoustännege Schäffe fir Tourismus Roland Breyer ugefrot. Et gung dorëms, wéi een déi finanziell Situatioun kinnt meeschteren, eventuell mat der Hëllef vum Staat an der Gemeng.

 

Den 23. November ass de President vum Interesseveräin vum Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf an der Ëmweltschäffin Simone Barnig empfaang ginn. Dobäi ass säitens der Gemeng drop higewise ginn, datt opgrond vum Artikel 7 vun der Konventioun, d’Gemeng näischt bäileet.

 

Hei en Auszug vum deem Artikel:

Pendant la durée des travaux L’INTERESSEVERÄIN qui assume la fonction de maître d'oeuvre prend à sa Charge tous les frais résultant de la construction du mirador et des entretiens périodiques qui s’en suivent.

 

De 6. Dezember gung en Dossier un de Schäffe Roland Breyer mat engem Bericht vun der Entrevue vum 23. November an entspriechend Bemierkunge vum President vum Interesseveräin. Dozou nach dëst. Am Artikel 7 steet wuel, den Interesseveräin ging alles finanzéieren, mee et steet awer kee Wuert dran, datt et verbuede wier dem Interesseveräin eppes bäizesteieren. Eng ASBL ass nun eemol op d'Ënnerstëtzung vu Staat, Gemeng a Leit ugewisen.

 

A senger Sitzung vum 19. Januar 2001 beschléisst de Schäfferot säi Bäitrag nëmmen op d'Terrainen ze beschränken. Doropshin huet den Interesseveräin, de 16. Februar, eng Ännerung vum Artikel 7 gefrot «L’lnteresseveräin qui assumera la fonction de maître d’oeuvre pendant les travaux, s’occupera de la récolfe des fonds nécessaires à la construction du mirador et prendra à sa Charge ...», wat dunn den 13. Abrëll verworf gouf, mat der Remarque «L'article 7 tel que vous le proposez est implicitement superfétatoire (Qui s’ajoute inutilement (Larousse)) d’un point de vue juridique».

 

Du war eng Zäit Rou an der Affär. Si luch op Äis, mee verschidde Leit hunn nach ëmmer dru gegleeft an d’Saach net opginn.

 

De 27. Februar 2004 ass d’Verlängerung vun der Baugeneemegung beim Ëmweltminister gefrot ginn. Do koum och dann den 1. Abrëll eng positiv Äntwert.

 

Duerch gutt Kontakter vum President vum Interesseveräin Jos. Feller mat Leit vun der ARES - an der Zwëschenzäit war nämlech d’Produktioun vun den ZORES-Profiler agestallt ginn - krut de Veräin dee leschte Pak ZORES gratis offréiert. Dat war an der éischter Elalschent vum Joer 2005. D'Hären Agarand, Neiens a Nilles vun der Schmelz hunn domadder dem Veräin e groussen Dingscht geleescht. Am August 2005 sinn dunn d’Träger vun der Entreprise Toni Rante op Foetz an d'„Anciens Ateliers Nic. Olinger“ bruecht ginn.

 

Den 18. Januar 2006 huet sech de ,Comité d’organisation des festivités du 25e anniversaire’ eng éischte Kéier zu Rolleng um Weier getraff. D’Zil war de Bau vum Mirador nees unzekuerbelen an d’Organisatioun vun de Festivitéiten vum 25ten Anniversaire ze preparéieren. Well offiziell Schrëtt, wat d’Finanzéierung vum Mirador ugeet, nëmme vun der ASBL Rollenger Interesseveräin kënne gemaach ginn, gouf beschloss kee separate Komitee ze grënnen, mee de Komitee duerch Kooptioun vu folgende Leit ze verstäerken: Roby Fourné, René Klein, Camille Mentz, Carmen Mentz, André Quintus an Alain Thill. Éischt Prioritéit vum Komitee war et, nei Devisen unzefroe fir de Käschtepunkt vum Mirador gewuer ze ginn.

 

An der Generalversammlung vum Interesseveräin, de 27. Januar, koum dunn déi gutt Noriicht. De Schöffe Roland Breyer huet dem Veräin, beim Bau vum Mirador, der Gemeng hir finanziell Ënnerstëtzung zougesot.

 

Och a Saache Käschtepunkt ass den 1. Februar scho méi gewosst. De Projet kënnt ronn 60.000 € ze stoen wat d’metalle Konstruktioun ubelaangt.

 

 

Interessanten Oflaf vun den Diskussiounen am Gemengerot:

 

Tourisme. Construction d’un mirador par »l’lnteresseveräin de Lamade­laine»: octroi d’une aide financière - avenant a la Convention du 29 mai 2000 - décision.

 

Roland Breyer, Schäffen: Mir gi bei dësem Punkt nees e bësse vun der Vergaangenheet ageholl. Och wann e puer Leit, och vun deenen, déi heibanne sinn, gehofft haten, dëse Projet wier an de Vergiess geroden.

 

De 14. Juli 2000 hat de Gemengerot eng Conventioun gemaach, an dat op Ufro vum Interesseveräin Lamadelaine, déi e Projet hate fir e Mirador ze bauen. Déi eng hunn et eng formidabel Iddi fonnt, anerer hunn de Projet e bësse belächelt. Et ass ëmmer gesot ginn, datt d’Gemeng géif den Terrain zur Verfügung stellen, well d’Autorisatioun vum Environnement och schonn do war. An den Inferesseveräin misst kucken, datt se d’Suen zesummekréie fir dee Projet ze realiséieren. An den deemolege Schäfferot hat festgehalen, datt, wa si et géife fäerdeg brénge fir d’Halschent vun engem Ministère ze kréien, da wier d’Gemeng bereet fir déi aner Halschenf dobäi ze leeën.

 

An do ass ni méi eppes geschitt, bis d’lescht Joer. Dunn ass den Interesseveräin komm a könnt en ‘accord de principe’ vum Ministère virleeën. Den 13. Dezember 2006 huet de Ministère du tourisme hinne matgedeelt, datt se d'accord wiere fir d’Halschent, dat heescht 30.000 EUR, op den Dësch ze leeën. An dunn huet d’Gemeng Péiteng och müssten zu hirer Ausso stoen déi se am Joer 2000 gemaach hat.

 

Et kann een natierlech fir oder géint dee Projet sinn. Ech perséinlech sinn elo net ganz begeeschtert vun deem Projet, mä ech muss awer konsequent a mengen Décisioune sinn. Wann ech 2000 fir de Projet war, a gehofft hat, datt vläicht näischt aus deem Projet géif ginn, da muss ech och elo zu däer Décisioun stoen.

 

De Ministère huet ‘Jo’ gesot, an den Interesseveräin ass schonn am gaangen de Projet unzegoen. Bei der Muttergottesknippchen soll dann e Mirador opgeriicht ginn, deen no der Conventioun aus dem Joer 2000 touristesch soll exploitéiert ginn. Den Interesseveräin iwwerhëlt d’Charge als ‘maître d’ouvrage’. Si iwwerhueten och d’Responsabiiitéiten an d’Modalitéite wéi dee Mirador da besieht ka ginn.

 

No der Conventioun vun 2000 stoung och dran, datt, wann duerch iergendee Grond den Interesseveräin géif ophalen, den Ouvrage gratis géif un d’Gemeng zeréckfalen. Well mir si jo de Propriétaire vum Terrain.

 

Mir müssten elo haut en Avenant maachen, wou mer soen, datt mer d'accord sinn an eis un de ‘frais de construction’ participéieren, an dat duerch eng Subventioun, déi op 30.000 EUR géif festgeluegt ginn. Et ass wéi et ass, d’Vergaangenheet hëlt eis erëm.

 

Camille Bosseler (CSV) : Um höchste Punkt vun eisen Uertschaften, nach méi héich wéi eis Muttergottesstatu, déi een och net méi vun ënnen aus bei der Kierch gesäit, an dat duerch d’Beem, déi ëmmer méi héich wuessen, fannen ech, datt duerch d’Zeréckschneide vun de Beem d’Siicht grad esou gutt an esou wäit wier wéi mat engem Aussiichtsturm. An dat Geld kéint een da méi noutwennegen Zwecker fir eis Jugend zoukomme loossen. Och ass fi rmech dee Projet ze geféierlech. Aus deem Grond stëmmen ech dogéint.

 

Ech hat de Virschlag gemaach, fir uewen hinner e klenge Chalet ze setzen an d’Beem e bësse méi kuerz ze maachen. Dat wier manner geféierlech fir eis Kanner gewiescht. Och sollt éischter d’Plaz ronderëm Statu aménagéiert ginn. Dat wier de Projet esou wéi ech e gesinn hätt. Mä däer heite Saach kann ech meng Zoustëmmung net ginn.

 

Pierre Mellina, Buergermeeschter: Et muss ee folgendes dozou soen. D'Gemeng huet hinnen am Joer2000 deen Terrain zur Verfügung gestallt fir e Mirador opzestellen. Dat eenzegt, wat mer elo als Surplus hei ginn, ass déi Subventioun. Do kann een, wéi den Här Breyer gesot huet, - an ech héieren dat och aus dem Här Bosseler senger Ausso eraus, datt hien net ganz waarm ass, - gedeelter Meenung sinn. Mä am Joer 2000 hu mer als Gemeng schonn deen éischte Schratt gemaach. Mir waren d’accord, datt de Mirador gebaut gëtt a mer stellen als Gemeng den Terrain. An et kann een elo nëmmen nach driwwer décidéieren, ob mer als Gemeng e Subsid ginn oder net. Ob elo gebaut gëtt oder net, kënne mer - wa mer eis konsequent sinn - net méi a Fro stellen.

 

Camille Bosseler (CSV): Ech wollt nach präziséieren, datt ech déi éischte Kéier, wou iwwert de Mirador ofgestëmmt ginn ass, de Sall verlooss hat, well ech gesot hat, datt ech am Veräi wier an dofir net bei der Ofstëmmung dobäi wollt sinn, an net direkt eppes domatter ze di wollt hunn. Net datt elo ee géif soen, ech hätt déi éischte Kéier dofir an elo dogéint gestëmmf.

Pierre Mellina, Buergermeeschter: Ech hunn dat elo net speziell op lech bezunn. Ech hunn dat am allgemenge fir de Gemengerot gesot.

 

Jeannot Linden (LSAP): Ech si just de contraire zum Camille Bosseler senger Meenung. Ech sinn der Meenung, datt een de Mirador soll dohinner setzen, an datt een der Däiwel net scho sollt un d'Mauer molen ier dat Ganzt do steet. A wann ech gesinn, datt och staatlech Administratioune sech dru bedeelegen, wéi d'Eaux et Fôrets, déi di Constructioun iwwerwaachen, mer hunn de Fierschter, asw. op der Plaz, da gesinn ech net an, datt do soll eng Gefor sinn. Sécherlech, bei all Trap besteet eng Gefor, well do kann een ëmmer emol eroffalen. Dee Risiko besteet bei all Trap, egal wou se ass. An hei gi sécherlech och Trape gemaach. Mä ech fannen et gutt, datt op dëser Piaz eppes opgeriicht gëtt. A wann et emol bis do steet, da gesi mer jo och watfir eng Vue mer vun do uewen aus hunn.

 

Ech begréissen och, datt mer als Gemeng dëse Projet mat ënnerstëtzen.

 

Pierre Mellina, Buergermeeschter: Ech ginn lech Recht. Et soll een emol fir d’éischt kucke wat et gëtt. Et kann e ganz flotte Projet ginn, deen eng zousätzlech Attraktioun fir eisen Eck duerstellt.

 

Jeannot Linden (LSAP): De Camille Bosseler ass jo awer an deem Veräin dobäi, a si hale jo och d’Weeër propper an an der Rei, a wann deen Aussiichtsturm bis dosteet, da gëtt dee sécherlech och vum Interesseveräin propper gehalen, an d’Leit ginn och dohinner. Wann eppes verwuess oder verknascht ass, da geef keen dohinner. An ech ginn dovunner aus, datt dat scho säin Succès kritt.

 

Pierre Mellina, Buergermeeschter: Natierlech kënnt, esou wéi Dir gesot hutt, fir de Veräin eng gewëssen Aufgab dobäi.

 

Accord avec 14 voix (CSV, sauf M. Bosseler, LSAP, DP, Déi Gréng) contre 1 voix (M. Bosseler).

 

De 4. August seet d'Gemeng zou: si ass bereet datselwecht ze ginn wéi den Tourismus­minister, verlaangt awer gläichzäiteg, datt och eng Baugeneemegung beim Buergermeeschter misst ugefroot ginn.

 

D’Zouso vum Ministère, 30.000 € bereet ze stellen, koum mëndlech, ëm de 15. November. D'Gemeng ass direkt informéiert gi fir können e Kredit am Budget 2007 virzegesinn. Déi schrëftlech Zouso vum Tourismusminister koum awer ze spéit fir datt de Kredit nach könnt mat Zäit ageschriwwe ginn.

 

 

Den 20. Februar 2007 freet den Interesseveräin eng Baugeneemegung unn, déi dann och den 8. Mee vum Buergermeeschter Pierre Mellina ausgestallt gëtt.

 

 

De 25. Juli gi Bréiwer, an deene Krediter fir de Mirador gefrot ginn, un de Ministère du Tourisme an un d'Gemeng Péiteng.

 

 

------------------------------------------------------------------------

An dar Zäit, wou d’Aarbechten op der Muttesgottesknippche gelaf sinn, ass an der Gemengerotssitzung vum 17. Dezember dann och e „crédit spécial“ vun 30.000 € gestemmt ginn.


Aufbau

Mëttlerweil hunn déi verschidden Devisen erginn, datt mat enger Gesamtausgab vu ronn 83.000 € misst gerechent ginn. Nëmmen dank der substantieller Ënnerstëtzung vun der Gemeng an dem Ministère könnt de Projet elo lancéiert ginn. Dat Geld wat feelt muss duerch de Veräi selwer, mee och duerch fräiwëlleg Spenden zesummegedroe ginn.

 

Op dem 'Gehen Honger’, iwwert der Muttergottesknippchen, huet sech endlech ëppes gedo.

 

 

D'Buedemprouwe sinn den 29. Juni an den 2. Juli duerch d'Firma Eurasol, am Kader vun enger Otter vum Bureau d’Etude IC LUX, virgeholl ginn.

 

 

 

Buerarbeschten

Hei e puer Donneeën wat d'Buedembeschafenheet (Buerlach FP2) ugeet. Si beleeën, datt de Plateau sengerzäit opgeschott gi war.

 

Profondeur -0,1 Terre végétale

Profondeur -0,25 Sable et fragments de grès

Profondeur -0,5 Marne micacée, grise, remaniée

Profondeur -0,6 Sable et argile

Profondeur -1,0 Limon argileux mélangé avec du sable

Profondeur -1,6 Fragments de grès et sable, faible récupération

Profondeur-2,35 Marne micacée, grise, remaniée

Profondeur -3,0 Sable et fragments de grès

Profondeur -3,5 Marne micacée, grise, remaniée

Profondeur -5,0 Sable et fragments de grès

Profondeur -5,3 Marne micacée, grise, remaniée, mélangée avec du sable

Profondeur -5,8 Sable et fragments de grès, faible récupération

Profondeur -6,0 Marne micacée, grise, remaniée

Profondeur -6,5 Sable et fragments de grès, faible récupération

 

  

D’Entreprise Toni Rante huet den 28. August mat dem Ausscharten ugefaang, dann de Coffrage gemaach a gläich duerno, de 4. September, d’Fondatioune gegoss.

 

De Plateau am Hannergrond (wou den Mirador elo steet) verdaitlecht d'Resultat vun de Prouwen.

Vu lenks no riets: Jos. Schaul, Jos. Hentzig, Pierre Noël +-1946

Preparatioun vum Coffrage

Ferraillage


D'Betonnièren hu missen iwwert den Tëtelbierg fueren an hir Charge op der Héicht vum Schiedhaischen, iwwert eng Leitung vun 180 Meter, pompelen.

Zoubréngerleitung vun der Pompel bis bei den Chantier


De 6. September huet den Entrepreneur seng Leit an déi vum Orga­nisationskomitee op eng kleng Feier op d’Plattform agelueden.

 

Am November gung et mat der Konstruktioun vum Mirador lass. D' Anciens Ateliers Nic Olinger vu Foetz, mam Marc Weisgerber vu Rodange als Responsablen, wäre jo mam Projet beoptragt ginn. Den Tuerm ass provisoresch am Atelier obgeriieht ginn.

 

Den 28. November ass eng Visite des lieux. Du si mer gewuer ginn, datt e Problem wéinst der Wendeltrap besting. Doduerch, datt de Konstrukteur drop gehal huet d'Optrëttsfläch vun den Träpplécken méi breet ze maan, wéi um Plang virgesinn, huet d’Axe misse méi wäit eraus geréckelt ginn. Hefteg Diskussiounen sinn doropshin entstan. Gott sei Dank könnt eng Eenegung fonnt ginn, och wann dat d'Gemidder fir e puer Deeg erhëtzt hat. "

 

 

De 15. Dezember ass d'Material, dat ënne bei de Waasserbassin ugeliwwert ginn ass, fir de Montage vum Mirador op de Plateau bruecht ginn. D’Aarbechten hu bis den 21. Dezember gedauert. D’Wiederkonditioune sinn all déi Deeg wierklech optimal, obschon d'Jonge bei deenen nidderegen Temperaturen sech heiansdo hu missen opwiermen.

 

Foto: Eng kleng Feier op der Plattform offréiert vum Toni Rante


Transport vun der Wendeltrap


Preparatioune fir de Montage

Paus

 

Fäerdeg


Montage


---------------------------------------------------------------------------

Einweihung & 25jährige Jubiläumsfeier

Hei, zur Erënnerung, de Programm vun de Festivitéiten esou wéi e verschéckt gouf:

 

Samedi, 22 décembre 2007

15heures: - Rendez-vous à la Muttergottesknippchen au Titelberg à Lamadelaine pour l’inauguration du mirador. Si possible s’y rendre à pied à partir du parking près de l’église à Lamadelaine ou à partir de la rue Titelberg vers le chàteau d’eau.

 

16heures:

Début de la séance académique au Centre Culturel de Lamadelaine.

Allocution de bienvenue par le président du Interesseveräin Lamadelaine.

Exposé historique par M. René Klein.

Interlude musical par la Société de Musique de Lamadelaine.

Allocution de la part de Monsieur le Ministre Fernand Boden.

Interlude musical.

Allocution de la part de Monsieur le Bourgmestre Pierre Mellina.

Invitation au vin d’honneur offert par l’Administration communale ainsi qu’à l’exposition de photos réalisée par M. Jeannot Rossato et l’Interesseveräin Lamadelaine.

 

 

Fir Sonndes, den 23. Dezember, hat de Veräin, vu 14.00 bis 18.00 Auer, op e ,Pot de l’amitié’ agelueden. Dat Ganzt hat sech ofgespillt am Kader vun enger Ausstellung iwwert eis Géigend mat Fotoen vum Jeannot Rossato an dem Interesseveräin.

Vu lénks no riets:

Johny Polfer, Jeannot Linden, Jean-Marie Halsdorf, Jos. Feiler, Pierre Mellina, Jean-Paul Thill, Albert Thilmany, Joseph Back, Romeo Lupo

 

Vu lénks no riets:

Henri Eicher, Margot Schilling, Pedro Rossato, Pierre Fourné, Emile Noesen, Johny Polfer, Marianne Bettendorff-Schaul

Vu lénks no riets:

Jean-Paul Thill, Pierre Mellina, Jeannot Feiler, Romeo Lupo. Albert Thilmany, Patrick Reinert, Alain Thill, André Quintus, Jean-Marie Halsdorf, Roby Fourné, René Klein

Vu lénks no riets:

Jean-Paul Thill, Roger Klein, Pierre Fourné, Sébastien Oms, Abbé Joseph Sagahutu, Victor Filaferro, Pierre Mellina, Jeannot Feiler, Henri Gänsen, Carmen Mentz

Vu lénks no riets: 

Romeo Lupo, Jeannot Rossato, André Quintus, Jean-Marie Halsdorf, Roby Fourné

Vu lénks no riets:

Jean-Paul Thill, Pierre Mellina, Jean-Marie Halsdorf, André Quintus, Roby Fourné, René Klein


 

Duerno gung et an d'Séance académique an de Centre de loisirs, wou den Interesseveräin säi 25ten Anniversaire gefeiert huet.

Jos. Feller, President vum Interesseveräin, bei senger Ried

Eischt Rei vu lénks no riets: Abbé Jeannot Gillen, René Klein, Johny Polter, Gilbert Weiter, Jean-Marie Halsdorf, Jean-Paul Thill, Pierre Mellina

Zweet Rei vu lénks no riets: André Quintus, Jeannot Feiler, Alain Thill, Jeannot Linden, Uly Gänsen, Roger Klein, Victor Filaferro

Vill Leit hate sech afonnt fir un der Séance académique deelzehuelen

 

Jeannot Feller a Gilbert Weiter an der Diskussioun